De Mr Science erkläert aus wat de wäissen Damp besteet a wisou en net radioaktiv ass, hie kuckt sech Uran méi genee un an erkläert wat an enger Atombomm geschitt.
De Mr Science huet eppes erfonnt – a wëll lo domadder räich ginn. Mee fir d’éischt muss e seng Iddi mol schütze loossen. Wéi eng Schrëtt sinn do néideg?
Röntgenstralen erlaben eis en Abléck ënnert eis Haut. De Mr Science weist eis wei ee Röntgebiller mëcht a wat mat moderner Röntgentechnik alles méiglech ass.
Hautdesdaags kann nach keen Dokter engem viraussoen ob ee genetesch Krankheete kréie kann oder net. An engem neie Labo op der Uni gëtt awer genee heiranner gefuerscht. De Mr Science war do.
Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg brauche kee Bild fir 2 Mënsche vuneneen ze ënnerscheeden. Eng Spautprouf geet duer. De Mr Science wëll wësse wéi sie dat maachen.