https://cybersecuritychallenge.lu/

Bei der Lëtz Cybersecurity Challenge geet et drëm Jonker tëschent 13 a 25 Joer fir Cybersécherheet ze sensibiliséieren an dëst op eng spilleresch Aart a Weis.

Dir sidd Enseignant an hutt scho vun der Lëtz Cybersecurity Challenge héieren? Dir wëllt äre Schüler bei dëser Challenge hëllefen?

Zesumme mat Securitymadein.lu an dem Cybersecurity Competence Center Luxembourg (C3), organiséiert de SCRIPT eng Formatioun fir Enseignantë. Bei dëser Formatioun ginn d'Enseignantë gewuer, wéi hier Schüler bei dësem Challenge kënne matmaachen.
D'Formatioun ass op Lëtzebuergesch. 

Méi Informatiounen dozou an aschreiwe kënnt dir iech hei.

Hei e puer Informatiounen zu der Challenge: 

Bis 2022 ginn europawäit 350.000 Cybersecurity Experte gesicht! Zesumme mat verschidde Partner huet den C3 (Cybersecurity Competence Center Luxembourg) den éischte Lëtz Cybersecurity Challenge lancéiert. Dësen Challenge adresséiert sech u Jonker bis 25 Joer an huet virun allem als Zil, intresséiert Schüler/-innen a Studenten am Beräich vun der Cybersécherheet ze fërderen an dobäi virsiichtegt Online-Behuelen ze promouvéieren.

Doriwwer eraus gëtt iwwer dëse Wee och eng Equipe identifizéiert, déi am Oktober 2019 um European Cybersecurity Challenge (ECSC) zu Bukarest deelhëlt. Den ECSC ass eng Initiative vun der European Network and Information Security Agency (ENISA) un deem 17 Länner deelhuelen. 2019 kommen nach Irland, Malta an hoffentlech Lëtzebuerg dobäi.

Fir den Challenge sou attraktiv wéi méiglech ze gestalten, steet eng Geschicht zum Thema Spacemining am Mëttelpunkt. Et geet ëm déi Lëtzebuerger Start-up “Vesta Tech”, déi a Konkurrenz mat groussen internationalen Entreprisë steet fir den Asteroid “Vesta” kënnen z’exploitéieren.

Am Lëtz Cybersecurity Challenge 2019 sinn net nëmmen technesch Kompetenze gefrot; Kommunikatioun, Ekonomie an Teamgeescht spillen och eng grouss Roll. Bis Péngschte ginn et reegelméisseg Online-Aufgaben ze léisen. Virun Ouschtere gëtt e Meet-up organiséiert, mat Atelieren, déi vun Experte begleet ginn.

Date(s) et heure(s).

  • 28.02.2019: 15h00 - 18h00 (max. 25 Participantë)
  • 20.03.2019: 15h00 - 18h00 (max. 25 Participantë)

Lieu d'événement

C3 - Cybersecurity Competence Center Luxembourg

16 Boulevard d'Avranches, 1160 Luxembourg