
Th145, CC BY-SA 2.0 DE by Wikimedia Commons
Inox-Seef soll haartnäckeg Gerécher vun den Hänn neutraliséieren, an als Deo géint den Schweessgeroch hëllefen - stëmmt dat?
Et gëtt et wierklech- Inox- Seef (an souguer Deo). Bei enger Inox-Seef handelt et sech em eefërmeg Inox-Stécker, déi schéin ausgesinn an anscheinend haartnäckeg Gerécher besser sollen wech huelen wéi normal Seef. Fir dëst Verspriechen feelt et awer u Beweiser. Ech hunn heiriwwer just Temoignagen fonnt awer keng eenzeg wëssenschaftlech Etude.
Wat soen dann d’Produzenten, wei hier Inox-Seef funktionéieren soll?
D'Uewerfläch soll d’Gerochsdeelercher bannen oder wéi e Katalysator wierken an se ofbauen. Mee fir d’éischt soll dat Thema an enger seriöer wëssenschaftlecher Etude ënnersicht ginn, réischt da wier ech mer sécher. Ech hat och laang esou eng Inox-Seef mee ech konnt keen Ënnerscheed zur normalem Hännwäschen mat Waasser feststellen.
Mol ugeholl d’Inox-Seef géif funktionéieren, da misst dach d’Inoxdëppen jo och d’Aromen vum Iessen zerstéieren...
Eigentlech schonn... me dat ass éischter net de Fall, mee och dozou ass d’Studielag ganz dënn. Aus enger Etude kann een mëttlerweil ëmmerhin op dëst Resultat schléissen.
Wat huet déi Studie dann genau rausfonnt?
D’Fuerscher wollten rausfannen wei verschidden Metaller den Geschmaach vu Iessen beaflossen. Dofir hu si Testpersounen entweder séiss, sauer, salzeg, batter oder neutral Crèmen zerwéiert, an dees hunn si mat verschiddene Läffelen misse schmaachen. Läffelen, déi mat Zénk an Koffer beschicht sinn, beaflossen den Geschmaach däitlech: d’Schlagsan schaach an deem Fall méi metallesch oder méi batter. Erstaunlecherweis huet dat d’Testpersounen awer net gestéiert. Gold an Inox hunn de Geschmaach net beaflosst. Dëst ass also éischter eng Entwarnung vir d’Inoxdëppen.
Gerochselimineierung wéinst dem Placebo-Effekt?
Auteur: Ingo Knopf
Editeur & Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)