Adobe Stock

E Wieder am Summer ass schonn en immens faszinéierende Spektakel. Iwwerall zucke grell Blëtzer. Kéint een dës Energie net einfach „plécken“ a se notzen, Mister Science?

Vun engem physikalesche Point de vue schwätzt u sech näischt dergéint. Well, an einfache Wierder, e Blëtz ass elektresche Stroum, dee säi Wee op d’Äerd fënnt. Mat engem Blëtzableiter agefaangen, kéint een d’Energie effektiv an engem Kondensator späicheren. Mee dat mécht net wierklech Sënn.

Wat schwätzt dann dergéint, Blëtzer anzefänken an de Stroum ze notzen?

Fir d’éischt emol si Blëtzer Naturphenomener, déi een net plange kann. Dat heescht, et weess een net wierklech, ob de Standuert vum „Blëtzkraaftwierk“ och reegelméisseg déi mächteg Dechargen ulackelt. En plus schléit de Blëtz all Joer net d’selwecht dacks an. Zu Lëtzebuerg sinn et an der Moyenne tëschent zwee a véier Aschléi pro Quadratkilometer am Joer.

Treffen dës dann effektiv d’Faangariichtung – wéi den ieweschten Deel vun enger Blëtzschutzanlag am Fachjargon genannt gëtt –, da fléisse wärend engem butzeg klenge Moment extreem héich Stréim duerch de Leiter. Dat bewierkt en induktive Widderstand, dee sech dem Stroumflux entgéintstemmt. En Deel vun der Energie verpufft also schonn um Wee bei de Kondensator. D’Konstruktioun vun esou engem Späicher wier souwisou mat groussen Erausfuerderunge verbonnen, well duerch de Stroumflux Magnéitfelder entstinn, déi nees mat der Ëmgéigend interagéieren.

Na ja, dat géif sech jo awer duerch Fuerschung léise loossen. Mee géif d’Blëtzenergie wirtschaftlech da Sënn maachen?

Nee. Well genee hei läit d’Kromm an der Heck. Betruecht ee just d’Energie, déi an engem Blëtz stécht, da kann dat schonn zimmlech beandrockend sinn. D’Spannung läit bei e puer Millioune Volt. Et fléisse Stréim vu 50.000, 100.000 oder nach méi Ampère – mee dat alles just wärend e puer Brochdeeler vun enger Sekonn. An enger kräfteger Decharge stiechen da schonn e puer honnert Kilowattstonnen Energie. Mee dës muss fir d’éischt hire Wee op de Buedem fannen. D’Loft setzt hir en elektresche Widderstand entgéint. Doduerch gëtt de Gas esou extreem erhëtzt, dass e grell liicht. Dat ass de Blëtzkanal, dee mir scho vu Wäitem gesinn. Um Buedem kommen dann nach zirka 5 Prozent vun der ursprénglecher Energie un. Dat sinn dann e puer zéng Kilowattstonnen. Bei zirka 16 Cent pro Kilowattstonn, déi Stroum zu Lëtzebuerg fir Privatclientë kascht, géif e staarke Blëtz manner ewéi fënnef Euro abréngen. Dat lount sech net wierklech. Mee glécklecherweis huet d’Natur nach aner Energiequellen, mat deene mir eisen héijen Energieverbrauch op eng nohalteg a propper Manéier decke kënnen. Dës weider ze erfuerschen an ze optiméieren, lount sech wierklech an dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.

Séier ewéi de Blëtz – firwat blëtzt et eigentlech?

 

Mir schlappen iwwer den Teppech bei d’Dier. A paken d’metalle Klensch un. E Blëtz zuckt. Mir kréien en elektresche Schlag. Firwat? Well eis Schong Elektrone vum Teppech opgeholl an eis domat elektresch negativ opgelueden hunn. Den Ausgläich geschitt iwwer d’Klensch vun der Dier. Do fléissen d’negativ Chargen iwwert eis Fangere bei d’Metall. Dat selwecht geschitt och héich iwwert eise Käpp. Och an de Wolleke ginn elektresch Chargë vunenee getrennt. Zum Beispill tëschent Äiskristaller a Waasserdrëpsen. An engem Deel vun der Wollek sammele sech iwwerschësseg Elektronen. An engem aneren Deel feele se. Dertëschent baut sech en elektrescht Feld op. Dat gëtt mat der Zäit esou staark, dass et zu engem Kuerze kënnt. An der Wollek funkt et gewalteg. Dës Zort vun Dechargë maachen zirka 90 Prozent vun all de Blëtzer aus. Bei de reschtlechen 10 Prozent geschitt de Charge-Ausgläich dogéint tëschent der Wollek an der Äerd. Am heefegste stiermen dobäi déi negativ Chargë vun der Wollek op d’Äerd. Dat nennt een de Leetblëtz. Kuerz virum Buedem wiisst him de Faangblëtz aus positive Chargen entgéint. Treffen déi zwee openeen, geet d’Haaptdecharge op der Äerd erof. Dat alles geschitt am Blëtzkanal. Esou nennt een de Wee vun den Dechargen. An dee sech a ganz kuerzer Zäit op gutt 30.000 Grad Celsius erhëtzt an esou dat charakteristescht Liichte produzéiert.

 

Blëtzgescheit – interessant Informatioune ronderëm de Blëtz

 

Am allermeeschte funkt et tëschent zwou Wolleken. Ronn 90 Prozent vun all de Blëtzer zucken héich iwwert eise Käpp vun enger Wollek bei déi aner. Just déi reschtlech zéng Prozent entluede sech vun enger Wollek op de Buedem.

Hätt een déi ganz Welt am Bléck, da kéint ee ronn 30.000 Blëtzer matenee gesinn. Tëschent véier an zéng Millioune Blëtzer schloen all Dag iergendwou op der Äerduewerfläch an. Dat hänkt natierlech staark vun der Regioun an de Saisonen of. Am heefegste blëtzt et beim venezuelanesche Maracaibo-Séi. Hei funkt et op all Quadratkilometer ronn 233-mol am Joer. An Däitschland schléit de Blëtz op där selwechter Fläch ronn 2,6-mol am Joer an.

Ronn sechs Kilometer leet de Blëtz vun der Wollek bis op de Buedem zeréck. An dat mat engem Drëttel vun der Liichtgeschwindegkeet. Tëschent zwou Wolleke kënne Blëtzer zirka 16 Kilometer laang sinn. Dee längsten huet et esouguer op 140 Kilometer bruecht.

Déi immens Fluxen hëtzen d’Loft a Brochdeeler vun enger Sekonn op zirka 30.000 Grad Celsius op. Dës gëtt extreem ënner Drock gesat an entluet sech dann explosiounsaarteg mat engem haarde Knall. Deen héiere mir als Donner nach zirka 25 Kilometer vun do, wou e sech entluet.

Jee no Schätzung läit de Risiko, vum Blëtz getraff ze ginn, bei een zu enger Millioun bis een zu sechs Milliounen am Joer. Et ginn awer och Pechvullen – oder Leit mat ganz vill Chance – wéi den Amerikaner Roy Sullivan. Aacht Mol a sengem Liewen huet de Blëtz hien erwëscht. An all Kéier koum hie mam Liewen dovun.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Auch in dieser Rubrik

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR