© shotshop.com

1 Gramm Botox kéint reng rechneresch ronn 10 Millioune Mënschen ëmbréngen.

Et ass en zimlech staarkt Nervegëft: 1 Gramm Botox kéint reng rechneresch ronn 10 Millioune Mënschen ëmbréngen. Et stierft een well een net méi ootme kann, well d‘Gëft d‘Nerven attackéiert, déi eise Muskelen d‘Befeeler fir Beweegung ginn. Also och deenen déi de Broschtkuerf hiewen a erofzéien. Da kann een net méi an- an ausootmen, an et erstéckt een. Awer Schéinheetschirurge sprëtzen et ganz staark verdënnt géint Falen. Si leeën sou gezilt Gesiichtsmuskelen ausser gefecht déi d’Haut a Falen zéien, zum Beispill tëschent eisen Aperhoer oder op der Stir. Ausserdeem ka Botox, wat e Gëft vu Bakteriën ass, och d‘Nerveverbindunge bei Schweessdrüse lämen, an hëlleft doduerch och géint iwwerméissegt schweessen.

An gëtt et geféierlech Niewewierkungen?

Wéi bei allen Agrëffer kann et zu Niewewierkunge kommen. D’Gëft kann sech zum Beispill weider verbreeden a Muskele lämen, déi eis Aenbewegunge steieren. Dann baluckt een, an et gesäit een alles duebel.

Ginn sou Niewewierkungen dann erëm ewech?

Glécklecherweis jo. Awer et brauch ee Gedold, well et e puer Wochen dauert bis d’Wierkung noléisst, an sech d’Nerve regeneréieren. Awer genee aus dësem Grond léisst d’Wierkung géint Fale mat der Zäit och no, an et muss een d’Behandlung no ee puer Méint widderhuelen.

Ween huet dat Gëft eigentlech entwéckelt oder entdeckt?

Et gëtt vu Bakterië produzéiert déi iwwerall am Buedem liewen. Wann déi ee Liewewiesen infizéieren an ëmbréngen, friessen si sech un deem verfaulentem Fleesch sat a multiplizéieren sech. Genee sou maachen déi dat och a verfaulter Wurscht oder a Konserven. Dat kann dann zu geféierleche Liewensmëttelvergëftunge féieren. Am 19. Joerhonnert gouf vu Wurschtgëft geschwat, an dofir huet een dëse Bakterië dem Zousaznumm botulinum ginn. Dat kennt vum laténgesche botulus fir Wurscht. Sou koum de Botox dann och zu sengem Numm.

An wien ass op d’Iddi komm, dëst Wurschtgëft a Gesiichter ze sprëtzen?

Een US-Amerikaneschen Aendokter am Joer 1977. Hien huet domadder gezilt bestëmmten Aenmuskele bei Patienten, déi baluckt hunn, geläämt. Doduerch goufen d‘Aen net méi an déi falsch Richtung gezunn. Dacks gouf et onerwaart Niewewierkungen: bei verschiddene Patiente sinn d‘Falen op der Säit vun der Schléif op der Stir verschwonnen. Dës Observatioun huet de Botoxboom an der Schéinheetschirurgie ausgeléist. Awer och ëmmer méi Krankheete ginn hautzedaags mat dësem Bakteriëgëft  behandelt. Fir nëmmen ee Beispill ze nennen: Bei Leit déi e Schlag gemaach hunn, kann ee Muskelverkrampfungen, déi immens wéi dinn, entspanen.

Dass verfaulte Wurscht mat Schlag-Patienten eppes um Hutt huet hätt ech net geduecht!

Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Nach e puer aner Froen...

Wéi wierkt dat Botulinumtoxin genee?

Dat Bakteriëgëft ass zimlech raffinéiert. Et besteet aus zwou laangen Eewäissketten a gëtt am Mo an am Daarm anescht wéi vill aner Eewäisser net desaktivéiert. Et trëtt an d’Blutt iwwer an dockt da gezillt un d'Extremitéiten vun Nerven un, déi Muskele steieren. Nerve fir ze fillen an ze taaschten ginn ignoréiert. Nodeems d'Gëft vum Nerv opgeholl gouf, spléckt et seng méi laang Eewäissketten of. Elo entfaalt et seng richteg Kraaft, wëll déi méi kuerz Eewäissketten  hellt elo Nervenproteiner auserneen, déi fir weiderleede vu Signaler verantwortlech sinn. D'Extremitéit vum Nerve kann da keng Botenstoffer méi ausschëdden fir d'Beweegung vun de Muskele ze koordinéieren. Den Nerv erhëlt sech eréischt vun der Gëftattack, nodeems en nei Extremitéiten vum Nerv produzéiert huet. Méi aktuell Fuerschungen hunn gewisen, dass d'Gëft laanscht Nervefaser wandere kann. Eventuell kéint et sou souguer a Richtung Gehir goen.

Botulinumtoxin als Waff?

D’Bakteriëgëft huet séier d'Opmierksamkeet vum Militär op sech gezunn. Japanesch Entwéckler fir Biowaffen hunn an den 1930er Joer déidlech Versich un Gefaangenen an der besater Mandschurei gemaach. Am 2ten Weltkrich hunn d'USA a grousse Quantitéiten een Antiserum als Géigenmëttel produzéiert well si Angscht virum Asaz vum Gëft duerch déi Däitsch haten. Gläichzäiteg hunn se Pläng gemaach, wei chinesesch Prostituéierter esou japanesch Offizéier kéinte vergëften. Et sollt a kleng Kugelen aus Gelatine verpak ginn, déi pecheg ginn, wann een se naass gemaach huet. Esou sollten déi Prostituéiert déi déidlech Kugelen an hiren Hoer verstoppe fir se dann onbemierkt an d’Gedrénks vun hire Clienten ze maachen. D’Gëft wierkt net direkt. Et wollt een verschleieren, wéi d‘Offizeieren ëmbruecht gi sinn. D‘Kugelen goufe scho produzéiert mee de Plang wier awer anscheinend net ëmgesat ginn. Säit 1975 si Biowaffen international ganz schlecht ugesinn. A Staaten wéi dem Irak produzéieren trotzdeem Munitioun a Rakéite mat Botulinumtoxin. Och Terroristen hu scho mam Gëft experimentéiert. A Japan vun den 1990er Joer sinn 3 Uschléi vun der Aum-Sekt schif gaangen. Glécklecherweis hu se d'Produktioun an dat feint verdeele vum Gëft net gutt genuch beherrscht. Haut warnen Terrorexperten dovunner, dass domadder Liewensmëttel wei Mëllech am grousse Moossstaf vergëft kéinte ginn.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR), Jan Bidinger
Foto: shotshop.com

Infobox

Mister Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

 

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR