Du interesséiers dech fir Hip Hop a Rap?
Du wëlls däin eegenen Hip Hop-Beat produzéieren a léieren, wéi een um Computer selwer esou ee ka maachen?
Wärend dem Workshop léiers du mat enger Musek-Software ëmzegoen, digital Instrumenter kennen an setz Sounds zu engem eegene Hip Hop-Beat zesummen.
Zesumme mam Rapper a Beatmaker Taipan an anere Jonken baut dir Rhythmen a Stécker, déi duerno am Kader vum Hip Hop Marathon zum Asaz kommen. Äer Beats déngen als Instrumental Stécker, op déi d'Rapper hier Texter leeën.
Du spills keen Instrument? Kee Problem. Du muss just Loscht matbrengen, fir mat Sounds a Rhythmus ze spillen.
Mell dech elo un a maach mat!
Wat ass "Beatmaking"?
Beim Beatmaking gi Kläng, Rhythmus a Melodien zu engem "Beat" komponéiert. De Beat ass d'Musek (ouni Rap a Gesang) vun engem Hip Hop Lidd a gëtt meeschtens op engem Computer produzéiert.
2 Deeg: 2.-3. November 2022
10:00-16:45 (mat Paus)
12-18 Joer
Keng Virkenntnisser néideg
Präiss: 15€ fir déi 2 Deeg
UMELDUNG: tinyurl.com/beatmaking22
rocklab.lu
#discover
Termin(e) und Uhrzeit(en).
November 2022
Veranstaltungsort
avenue du Rock'n'Roll
L-4361 ESCH-SUR-ALZETTE
Other scientific events
01.112025
/01.032026
SONDERAUSSTELLUNG: Flashback!
07.012026
/15.072026
Smartphone-Café
10.022026
/11.032026
Internetführerschein
21.022026
/18.042026
Astrofotografie-Kurse
25.022026
TASTE – On bodies and practices
25.022026
What’s in our water? A Chemical Detective Story
25.022026
Science Pub Quiz
26.022026
/05.032026
Fotobuch am Computer erstellen
26.022026
SIMPA