Wëllkomm um Luxembourg LGBTIQ+ Panel !

Bass du Member vun der LGBTIQ+ Community? Hues du Loscht zesummen nozedenken, ze diskutéieren an Erfarungen an Iddien iwwer queer sinn zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun ze deelen? Dann maach bei eise Fokusgruppen mat.

Eng Fokusgrupp ass eng kollektiv a strukturéiert Diskussioun mat bis zu 10 Leit aus der LGBTIQ+ Community. All Fokusgrupp huet een Thema an dauert max. 1h30. All Mënsch aus der Community ab 16 Joer ka matmaachen. D’Ekipp vum LEQGF ass als Facilitatrix dobäi a leed duerch d’Diskussioun – mir lauschteren iech no ! Dir hutt d’Wuert, dir zielt eis wat är aktuell Erfarungen an Erwaardungen zum Thema sinn.

*****

Focus Group #3 "Queer Jugend (Lycée)" (LU)

Zilpublikum: Queer jonk Mënschen am Lycée-Alter


Den drëtte Fokusgrupp fënnt den 18. Mee 2024 um 10 Auer an der Salle des Mariages um

1. Stack vun der Escher Gemeng (Place de l'Hôtel de Ville, L-4002 Esch-sur-Alzette)

Thema ass „Queer Jugend (Lycée)“.

Umeldung iwwert eise Formulaire ass Pflicht : https://www.lgbtpanel.lu/registration-fg

Dëse Fokusgrupp gëtt gehosted vun der Escher Gemeng a vum Jugend Info Punkt - JIP. Et gëtt och Croissants, Kaffi, Bréidercher a Gedrénks.

*****

Méi Informatiounen iwwer de Projet : www.lgbtpanel.lu

Méi zum LEQGF : www.leqgf.lu

Termin(e) und Uhrzeit(en).

May 2024
18.05 von 10:00 zu 12:30

Veranstaltungsort

Place de l'Hôtel de Ville Esch/Alzette
Place de l'Hôtel de Ville
L-4002