Wëllkomm um Luxembourg LGBTIQ+ Panel !
Bass du Deel vun der LGBTIQ+ Community? Hues du Loscht zesummen nozedenken, ze diskutéieren an Erfarungen an Iddien iwwer queer sinn zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun ze deelen? Dann maach mat bei eise Fokusgruppen, eng Rei vu kollektiven Interviews mat 3 bis 8 Leit aus der queerer Community.
*****
Dëse Fokusgrupp zum Thema "Queer am Alter 60+" (LU) fënnt de 7. März 2025 um 15 Auer am GERO - Kompetenzzenter fir den Alter (1, Dernier Sol, L-2543 Luxembourg-Bonnevoie) statt.
❓️Wéi gesäit ären Alldag als queer Senior*innen aus ?
❓️Op wéi eng sozial Kontakter kennt dir zeréckgräifen als eeler queer Persoun ?
❓️Wat erwaart dir iech vu Pflege- a Begleedstrukturen fir eeler Leit ?
Zilpublikum: LGBTIQ+ Senior*innen an eeler queer Persounen iwwert 60 Joer.
Umeldung iwwert eise Formulaire ass Pflicht : https://www.lgbtpanel.lu/registration-fg
.Dëse Fokusgrupp gëtt gehosted vum GERO - Kompetenzzenter fir den Alter. Snacks a Gedrénks ginn de Participanten offréiert.
*****
Méi Informatiounen iwwer d’Fuerschung : www.lgbtpanel.lu
Méi zum LEQGF : www.leqgf.lu
****
Dëse Fuerschungsprojet gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit an der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. D'Fokusgruppen zu interkulturellem Zesummeliewen an ethno-rassistescher Diskriminatioun gi realiséiert mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Ënnerbréngung vu Geflüchteten.
Termin(e) und Uhrzeit(en).
March 2025
Veranstaltungsort
RUE DE BONNEVOIE
L-1260 LUXEMBOURG
Other scientific events
01.092024
/30.082025
Energie Museum
13.012025
/31.032025
Bridge
06.022025
Nützliche Apps auf dem Smartphone für den Alltag
06.022025
/27.022025
Generative KI
06.022025
/27.022025
Generative KI
12.022025
/05.032025
E-Banking leicht gemacht
27.022025
/29.032025
Einführung zu 9 Spitzentechnologien
27.022025
Science Pub Quiz
01.032025
Mathematical competition and workshop for high-sch...