Wann Kanner mat ChatGPT iwwert hir Problemer schwätzen | Diskussiounsowend
2026 – Am Zäitalter vun der Digitaliséierung wuessen d’Kanner an enger Welt op, an där d’Alexa-Stëmm Märecher virliest, den ChatGPT bei den Hausaufgaben hëlleft oder gedëlleg mat engem Spiller erfënnt. De Beräich vun der sozialer Interkatioun ass also tatsächlech och vun de Softwaren erobert ginn.
Ëmmer méi Kanner a Jugendlecher (an am Fong och Erwuessener) notzen d’KI-Modeller awer och, fir perséinlech Problemer ze diskutéieren, den Alldag, d’Bezéiung, Ängscht… wat heescht dat fir d’Entwécklung vun der Persoun? Fir eis all als Akteur vum soziale Mateneen?
D’Charlotte Pull (Psychotherapeutin vum ZEV) an d’Nora Schleich (Philosophin an Leedung vun der EwB) beliichten d’Erausfuerderungen fir d’Famillen an d’Gesellschaft. Et ass zum engem d’psychologesch Vue: Wéi geet dat iwwerhaapt, dass Kanner eng Bindung zu net-mënschleche Wiesen opbaue? Wéi eng Roll spillen d’Elteren dobäi, si als „Bindungsanker“ an enger techniséiert Welt? Mee et kann een och philosophesch froen: Wat ass de gesellschaftlechen Erzéiungsoptrag? Wéisou delegéiert een d’sozial Interaktioun un ee Programm?
Dësen Event ass fir jidfereen, fir Eltere, Pedagog*innen, Interesséierter… fir iwwert de verantwortungsvollen Ëmgang mat emotionaler KI ze diskutéieren a Strategien unzedenken, fir d’mënschlech Ver-Bindung am digitalen Zäitalter net ze vergiessen.
.Dësen Event ass een Deel vum Projet „Digitale Dialektik. Soziophilosophische Diskussionen zur vernetzten Lebenswelt“, ënnerstëtzt vun der Œuvre Nationale.
Termin(e) und Uhrzeit(en).
October 2026
Veranstaltungsort
Rue du Nord
3261 Esch-sur-Alzette
Other scientific events
11.042026
/31.102026
TEMPORÄRE AUSSTELLUNG: Geschichten rund um den Abf...
02.052026
/31.102026
Romantisches Picknick unter den Sternen
18.092026
/20.112026
Internetcafé
17.102026
/12.122026
Tango High School Cup 2026
20.102026
Les compétences à l'ère de l'IA
20.102026
UniverCITY Talks
22.102026
Besichtigung des Pumpspeicherkraftwerks SEO Viande...
22.102026
Luxembourg Intenational Science Expo
30.102026
Luxembourg's Science Slam