polar.lu/Ilona Mettiäinen
Eng Fotografin begleet en Miniature-Äisbier op senger Rees duerch Arktis.
Wat gëtt gebueden?
Freides den 20. September 2019 gëtt d’Ausstellung Nanoq - Imag(in)ing Climate Change vun der Finnin Ilona Mettiäinen am Sportlycée an der Stad ageweit. D’Photoplay-Ausstellung ass bis den 3. Oktober am Sportlycée ze gesinn.
Des Wanderausstellung déi den SCRIPT, a Kollaboratioun mat polar.lu, bis Enn des Joers duerch ons Lycée'en weist, begleet en Miniature-Äisbier op senger Rees duerch Arktis hin zu neien Horizonter, well seng Heemecht, d'Banquise, duerch de Klimawiessel ewechschmëlzt.
Déi finnesch Fuerscherin a Fotografin, Ilona Mettiäinen, knipst zënter 2011 hire klengen Äisbier wärend hire Fuerschungsopenthalter an der Arktis an op verschiddene Reesen, fir esou duerch des queeschdengent Ausstellung zum Nodenken unzereegen.
Am selwechte Kader ginn a Präsenz vum Här Minister Claude Meisch och Joer d’Prix d’excellence an d’Präisser fir Élèves méritants a Sportifs méritants vun dësem Joer iwwerreecht.
Wéi gewinnt gëtt et nom Vernissage an der Praissiwwerreechung e Patt an Häppercher am gemittleche Kader vum Hall d’entrée. Mellt Iech wgl. op secretariat@sportlycee.lu un.
Wéi kann ech mir dat besser virstellen?
Dësen Artikel gëtt Dir en Androck iwwer dat, wat Dech erwaart.
Eintrittspreis(e)
Veranstaltungsort
Sportlycée
66, rue de Trèves
L-2630 Luxembourg
Termin(e) und Uhrzeit(en).
Vernissage: 20. September 2019, 18-20h
D’Ausstellung ass nach bis vonn 3. Oktober am Sportlycée ze gesinn.
Veranstaltungsort
Kontakt
Other scientific events
10.042025
/18.122025
Smartphone: iPhone, samsung, Huawaii,...
01.112025
/01.032026
SONDERAUSSTELLUNG: Flashback!
12.112025
/17.122025
LËT'Z PLAY
09.122025
/16.122025
MyGuichet.lu
07.012026
/15.072026
Smartphone-Café
15.012026
Was ist die Cloud?
15.012026
As times goes by
19.012026
Move to be Born
05.022026
/12.022026
Fake News & Künstliche Intelligenz