Mat welan bréngt d’Eppelduerfer Jugend vum 3. bis 5. November eng vun de gréissten LAN Parties vu Lëtzebuerg op Miedernach. Dofir droe mir de Fussballsgol aus der Sportshal eraus an Dëscher, Still, Stroum- a Netzwierk-Infrastruktur fir bis zu 100 Gamer eran.
Fir Gamer
Gamer kënne fir 30 € eng Plaz an der Hal reservéieren. Dofir gëtt eng Online-fäeg Kredit/Debit-Kart an e Kont op Discord virausgesat. Reservéier deng Platz online op welan.lu.
Check-In ass de Freideg, 3. November 2023 ab 12:00 Auer. Check-Out ass de Sonndeg, 5. November bis 15:00 Auer. Nieft enger Plaz an der Hal stinn Toiletten, Duschen, a Schlofméiglechkeeten zur Verfügung. De ganze Site ass ouni Trapen a rollstullgerecht erreechbar. Fir de Gaming-Setup (Tower, Schierm, Tastatur, Maus, Steckerläischt, LAN-Kabel, Gaming Stull, etc.) an d’Schlofplaz (Feldbett, Schlofsak, etc.) sinn d’Gamer verantwortlech.
Eng Selektioun un Iessen a Gedrénks kënnen d’Gamer sech iwwert e gemeinsamen Discord Server op hier Plaz bestellen. Alternativ kann och an der Bar bestallt ginn.
Weider Informatioune kommen no. Kontaktéier contact@eppelduerferjugend.lu wann s du Froen hues.
Fir Gäscht
De Site ass och fir Gäscht zougänglech fir eng Entrée vun 10 € pro Persoun, mat der Entrée kritt dir ee Gedrénksbong vun 10 € den net remboursabel ass. Fir Kanner ënner 12 Joer ass den Entrée fräi.
Tickets
Termin(e) und Uhrzeit(en).
November 2023
Veranstaltungsort
Millewee
L-7661 MEDERNACH
Other scientific events
07.012026
/15.072026
Smartphone-Café
12.032026
/24.092026
Romantisches Picknick unter den Sternen
11.042026
/31.102026
TEMPORÄRE AUSSTELLUNG: Geschichten rund um den Abf...
17.042026
/15.052026
Astrofotografie-Workshop für Anfänger
24.042026
/24.102026
Sternenbeobachtung für Familien
25.042026
/06.062026
Tango High School Cup 2026
30.042026
Humain vs Machine
30.042026
Science Pub Quiz
06.052026
Workshop „Geoportail.lu“