(c) Jon Sullivan

Wat huet waarme Kaffi da mat jäizen ze dinn?

D’Temperatur vum Kaffi dréckt soss näischt aus wéi d’Beweegunge vun de klitzeklenge Bausteng aus deenen de Kaffi besteet - de Moleküllen! Wat déi Bausteng sech méi beweegen, wat de Kaffi méi eng héich Temperatur huet, wat en also méi waarm ass! An duerch d’Schallwellen, déi ech beim jäizen produzéieren, kréien ech d’Bausteng och un d’vibréieren, de Kaffi gëtt also méi waarm!

Awer bestëmmt net esou séier wéi an der Mikrowell!

Nee, do hues de Recht! Mir jäizen am Duerchschnëtt mat 80 Dezibel. Wann ech meng Taass Kaffi also während enger Sekonn ublären, da ginn ech hier duerch d’Schallwellen, déi ech produzéieren, mol kee Milliounstel Joule Energie. An dat geet net duer fir de Kaffi waarm ze kréien. Dofir misst ech d’Taass da scho 16 an en halleft Joer ublären!

Ech mengen dat geet awer méi séier wéi dat! Et dauert bestëmmt keng 16 Joer bis den Noper der eng waarm Taass Kaffi bréngt just fir dass de de Bak solls halen!

Auteur: Corinne Kroemmer

Mat engem grousse Merci un den Änder Mousset!

Foto © Jon Sullivan

Infobox

Auch in dieser Rubrik

Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR
Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR