© Pixabay

Den Ament dauert et nach ziemlech laang, fir en Elektroauto opzelueden.

Bis 2050 solle mir - esou d’Rifkin-Visioun - all mam Elektroauto fueren. Géigner vum Elektroauto mole schonn den Zeenario vum rationéierte Stroum op: wa geschwënn jiddereen säin Auto doheem opluet, géif den disponibele Stroum net duergoen. Brécht eist Stroumnetz mat den Elektroautoen zesummen?

De Manktem u Stroum am richtege Moment, nämlech da wann een opluede wëll, ass e seriöe Problem. Zumindest da wann ee vum hypotheteschen Zeenario ausgeet datt mir all, vun Haut op Muer, en Elektroauto hätten, an alleguer owes no der Aarbecht de Stroumkabel an d’Steckdous stieche géifen. Da géif d’Stroumversuergung, sou wéi se haut funktionéiert zesummebriechen.

Kéint een dann d’Oplueden net iwwert d’ganz Nuecht verdeelen?

Dat ass eng Méiglechkeet. Am beschte verdeelt een d’Opluede souguer iwwert déi Gesamtzäit an där den Auto net fiert. Modellrechnunge weisen, dass d’Luede vun engem Auto an deem Fall just nach 4 liichtenden 100 Watt Bieren entsprieche géif. Den Auto gëtt dann also mat manner Leeschtung selwecht gelueden, wéi wann een e mat héijer Leeschtung a kuerzer Zäit opluet. Dohier schaffen d’Ingenieuren och um intelligente Stroumnetz aus der Zukunft. Mat deem wier et da méiglech sou Luedvirgäng iwwer Dag an Nuecht ze verdeelen.

Fir doheem respektiv op der Aarbecht wär dat jo eng Léisung. Mee wann elo jiddereen um Wee fir an d'Vakanz op derselwechter Autobunnstankstell stoe bleift fir opzelueden? Do muss et jo dann awer méi séier goen?  

Jo, do géif ee kucken sou séier wéi méiglech ze lueden, an awer géif dat beim haitege Stand vun der Technik nach sou laang daueren, wéi ee brauch fir eppes iessen ze goen. Et géifen sech also extrem laang Schlaange bilden. Dofir schaffen d’Entwéckler u Schnellluedsystemer, awer och un enger Aart Flëssegbatterie. Bei där géif een d’Autosbatterie net mat Stroum lueden, mee mat enger elektresch geluedener Flëssegkeet volltanke – dat ass awer lo staark vereinfach geschwat.

An dat funktionéiert?

Dee Prinzip huet en däitsche Wëssenschaftler schonn an der Mëtt vum leschte Joerhonnert erfonnt an d’NASA huet domat experimentéiert, mee fir Autoe waren dës Batterien zesumme mam Tank bis ewell vill ze grouss.  Mëttlerweil baut awer eng Schwäizer Entreprise Auto-Prototyppe mat dëser Technik. D’Spezialiste staunen zwar, mee si sinn awer nach skeptesch ob et wierklech fir d’Praxis eppes daacht, well d’Firma e grousst Geheimnis ëm hiren Elektroauto mécht.

Wee weess?

Kloer, mee aner Alternative wierken am Moment awer nach méi buedemstänneg. Verschidde Fuerscher setzen do léiwer op Brennstoffzellen-Autoen, déi ee bei enger Tankstell mat Waasserstoff tanke kéint oder op Autoen déi mat Methangas fueren. Béides kann ee mat Stroum aus Wandrieder oder Solarzelle produzéieren. Dobäi ass den Energiebilan zwar méi schlecht, also et brauch ee méi Stroum pro Kilometer. Mee et kann een de Stroum notze wann en do ass, an de Gas kann een op Tankstellen tanken. An dat dauert an deem Fall net méi laang wéi ee brauch fir en Auto mat Bensin ze tanken. 

D’Course ass also nach op?

Ah jo, an do ass vun der Fuerschung och nach déi eng oder aner Iwwerraschung ze erwaarden. Dofir bleift se jo ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Joseph Rodesch
Photo: Pixabay

 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch interessant

Akkubrand Wéi geféierlech ass eng Batterie?

Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Bat...

FNR , RTL
E-Motor Firwat brauchen elektresch Autoe keng Gangschaltung?

Mr. Science, stëmmt et, datt E-Autoen ouni Gangschaltung auskommen?

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR