shotshop.com

De Moien um Auto an elo grad un der Dir krut ech eng zolitt gewéitscht. Fir passéiert dat mir an aneren net?

Ob een eng gewéitscht kritt hänkt vu verschiddene Konditiounen of, wéi z.B. wéi eng Kleeder een unhuet oder wéi vill Fiichtegkeet an der Loft ass. Kuck, du hues just synthetesch Kleeder un wärenddeem ech elo nëmme Kotténg unhunn.

D.h. ech kréie vu menge Kleeder eng gewéitscht?

Nee, mee et huet mat de Reiwungen ze dinn, déi duerch synthetesch oder wolle Kleedung entstinn. Wann dai Kierper laangscht e Géigenstand oder e synthetesch Material reift, kritt e vun desen Elektronen. Dat sinn negativ Chargen, déi gäeren un sou Materialer hänken.

Dat heescht d’Elektrone si responsabel?

Jein. Dai Kierper huet souwisou ëmmer vill Elektronen. Et ass nëmmen well en der op eemol ZEVILL huet, datt en negativ geluede gëtt. An iergentwann wëll däi Kierper déi iwwerschësseg Elektrone rëm lass ginn. An dat geschitt, wanns de a Kontakt mat engem neutrale Géigenstand kënns. Zum Beispill wanns de aus dem Auto klëmms an deng Autosdier upécks.

Am Auto bass du mat denge Kleeder laangscht den Autosëtz geriwwen, an du goufs negativ gelueden. Wanns de dann erausklëmms, an deng neutral gelueden Autosdier upécks, sprangen déi iwwerschësseg Elektronen vun denger Hand op d’Autosdir. Deen Ament kriss du eng gewéitscht. Dat ass e liichte Stroumschlag, deen awer net geféierlech ass.  

Mee firwat geschitt mer dat bal nëmmen am Wanter?

Elektrostatik, d.h. den Transfert vu Chargen, funktionéiert besser wann d’Loft dréchen ass. Am Wanter ass d’Loftfiichtegkeet immens niddereg, dofir kritt een do méi einfach eng gewéitscht. Bei héiger Loftfiichtgekeet gëtt et bal keng Elektrostatik. Probéier mol an der Sauna e Loftballon laangscht deng Hoer ze reiwen – du wäerts gesinn, déng Hoer stinn net wéi soss an d’Luut!

Infobox

Auteur: Constance Lausecker
Editeur an Iwwersetzer : Michèle Weber (FNR)

Infobox