Adobe Stock/Africa Studio
Wëssenschaftler streiden awer nach doriwwer, firwat mir emotional Tréine vergéissen. Sécher ass nëmmen, dass mer Kräischen net musse léieren. Genee ewéi Laache gëtt et eis an d’Wéi geluecht – an iwwerall op der Welt verstan. Firwat mer aus emotionale Grënn kräischen, do ginn et verschidden Hypotheesen, déi sech graff an zwou Gruppen andeele loossen. Déi eng mengen, mer géife kräischen, fir ze kommunizéieren. Duerch Tréine gi mer anere Mënschen ze verstoen, dass mir an enger emotionaler Ausnamesituatioun sinn a vläicht Trouscht oder Ënnerstëtzung brauchen.
Infobox
Fir eis Virfare kéint et e Virdeel gewiescht sinn, wa kleng Kanner gekrasch hunn, amplaz haart ze jäizen. D'Tréine kéinten et erlaabt hunn, d'Opmierksamkeet op d'Kanner ze lenken, ouni dass wëll Déieren oder feindlech Gruppen dat matkruten.
Déi aner Grupp mengt, mir géife kräischen, fir emotional Erfarunge besser ze verschaffen a mat Stress eens ze ginn. Tréinen, déi duerch Emotiounen ausgeléist ginn, hunn eng aner cheemesch Zesummesetzung ewéi Tréinen, déi z. B. beim Zwiwweleschneiden entstinn (méi dozou am Infos block hei drënner). Duerch Kräische kéint de Kierper z. B. iwwerschësseg Stresshormone fräisetzen.
A wien huet dann elo Recht?
Éischtens ass et esou, dass sech béid Usätz net onbedéngt ausschléissen. An alle béid hunn och gutt Argumenter. Mee et gëtt net vill wëssenschaftlech Etüden. D’Resultater sinn net eendeiteg, a widdersprieche sech zum Deel. Dat kéint dru leien, dass Emotiounen eppes ganz Subjektives oder Perséinleches sinn. Bei der Fro, ob Kräische Stress reduzéiert, muss ee sech op d’Aussoe vun de Participantë verloossen, amplaz vergläichbar Resultater objektiv ze moossen. Et gëtt och Stëmmen, déi behaapten, d’Etüde wären net systematesch. Donieft gouf observéiert, dass d'Grënn fir emotionaalt Kräische geléiert ginn, wann een erwuesse gëtt. A wann ee kuckt, wéi heefeg Mënsche kräischen, do spillt bei Kanner d’Geschlecht keng Roll. Dat ännert sech eréischt mat zirka 13 Joer. Frae kräischen ab dann 30 bis 64 Mol pro Joer, Männer 6 bis 17 Mol.
Photo: Adobe Stock//DC Studio
Okay, mee da ginn et jo och d’Tréinen, déi beim Zwiwweleschneide lafen.
Dat ass richteg. D’Wëssenschaft ënnerscheet dräi Zorte vun Tréinen: déi reflektoresch, déi basal an déi emotional. Wéi den Numm et schonn undeit, si reflektoresch Tréinen e Reflex op eng friem Substanz am A. Si spullen d’cheemesch Waffe vun der Zwiwwel eraus, genee wéi de pickegen Damp vun naassem Holz an engem Lagerfeier. Basal Tréine suergen dofir, d'Ae fiicht ze halen. An d’emotional Tréinen? Wéi mir gesinn hunn, gëtt et hei nach vill ze erfuerschen. An dofir bleift d’Fuerschung spannend.
Eng Tréin fir all Geleeënheet
Firwat mir Mënschen aus emotionale Grënn kräischen – an eis domat nom aktuelle Wëssensstand vun allen aneren Déieren ënnerscheeden – ass nach net definitiv gekläert. Mee mir wëssen, dass d’Zesummesetzung vun den Tréine sech jee no Ausléiser ännert. Tréinen si méi komplex, wéi ee vläicht mengt. De Film, dee si um A bilden, besteet aus dräi Schichten. Eng Eewäiss-Zocker-Verbindung läit direkt um Aen. Dorop kënnt e flëssegen Deel an zum Schluss een hauchdënne Fettfilm, dee verhënnert, dass d’Flëssegkeet erofdrëpst. Waasser ass natierlech e wichtege Bestanddeel. Am meeschte Waasser ass a reflektoreschen Tréinen dran, wat hir Schutzfunktioun ënnerstëtzt, zum Beispill géint eeklegen Ziwweldonst. Emotional Tréine si par contre „méi déck“. Si beinhalte manner Waasser, dofir awer heiansdo bal ee Véierel méi Proteinne wéi d'„Verdeedegungstréinen". Ausserdeem beinhalte se och verschidde Stresshormonen.
Loscht-Killer a Männerzämer
Emotional Tréine schéngen net nëmmen als visuell Signaler fir de Géigeniwwer ze déngen. Beweiser dofir, dass ee mat Tréinen nach op ganz aner Aart a Weis kommunizéiere kann, hunn israeelesch Fuerscher scho virun 10 Joer fonnt. Si hunn dofir Männer u Fraentréinen an och u gewéinlechem Salzwaasser schnuppere gelooss. Geroch hu si a béide Fäll ... näischt. Mee am Géigesaz zum Salzwaasser haten d’Tréinen en Effekt op d’sexuell Erreegung vun de Männer. Déi huet net nëmme subjektiv nogelooss, wann d’Männer sech Fotoe vu Fraen ugekuckt hunn, mee och moossbar: Den Effekt gouf esouwuel am Blutt ewéi am IRM nogewisen. No „enger Nuesvoll Fraentréinen“ ass net nëmmen den Testosteronspigel vun de Versuchspersoune gefall, mee och d’Aktivitéit an de Gehierberäicher, déi fir sexuell Erreegung verantwortlech sinn. Méi nei Experimenter weisen, dass esou emotional Tréinen och de Männer hir Aggressivitéit erofsetze kënnen. An der Wëssenschaft gëtt dann och vu Cheemosignaler geschwat, déi och am Déiereräich méi heefeg sinn.
Kënnen aner Déiere kräischen?
Bis viru kuerzem goufen et keng Beweiser dofir, datt Déieren aus emotionale Grënn hir Tréineproduktioun eropsetzen. Déi gängeg Meenung an der Welt vun der Wëssenschaft war dofir, datt mir déi eenzeg am Déiereräich sinn, déi emotional Tréine vergéissen. Déiere produzéieren natierlech och basal a reflektoresch Tréinen (och net all Déieren), a verschiddener kënne ganz kloer Emotioune weisen. Mee ob si och aus Freed oder Trauregkeet kräischen, dofir gouf et keng Beweiser. 2022 hu japanesch Fuerscher dat awer an enger klenger Studie mat 18 Hënn ënnersicht. A si hu festgestallt, datt dësen Hënn hir Tréineproduktioun kuerzfristeg signifikant an d'Luut goung, nodeems si hir Besëtzer no 5 - 7 Stonnen Trennung erëm gesinn hunn. Et muss ee betounen, datt dëst eng kleng Studie ass, an des Observatiounen och net op all Déieren iwwerdrobar sinn. Hënn sinn dofir bekannt dat si enk Bindunge mat hire Besëtzer hunn an duerch Aekontakt kommunizéieren.
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur an Iwwersetzer : Michèle Weber (FNR)
Infobox
https://link.springer.com/article/10.1007/s00347-009-1966-5
https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/29687400/
https://journals.sagepub.com/doi/abs/10.1037/1089-2680.4.4.354
https://www.welt.de/wissenschaft/article132937605/Was-Nahaufnahmen-von-Traenen-verraten.html
https://www.science.org/doi/10.1126/science.1198331
https://journals.plos.org/plosbiology/article?id=10.1371/journal.pbio.3002442
https://www.cell.com/current-biology/fulltext/S0960-9822(22)01132-0?