Verkehr

shotshop.com

Nee, doduerch wäerte leider net schlagaarteg all d’Autofuerer op déi ëffentlech Verkéiersmëttel zréckgräifen. Duerch dës Mesure eleng, an dat hunn d’Politiker och gesot, kritt een de Verkéiersproblem vum Land net an de Grëff. Wëssenschaftlech Etüde weisen, dass et däitlech méi effektiv ass wann een d’Autofuere méi deier a méi ëmständlech mécht. Allerdéngs muss dann och eng Alternativ do sinn.

Awer firwat klammen d‘Autofuerer net ëm, wann den ëffentlechen Transport gratis ass?

Den Ticketspräis ass ee Facteur vu villen, dee beaflosst wéi een Transportmëttel datt mer huelen. Vill méi wichteg ass awer als wéi confortabel et empfonnt gëtt, wéi zouverlässeg et ass, a wéi laang ee brauch vir vun A op B ze kommen. Wëssenschaftler hunn dat viru kuerzen an enger nach net verëffentlechter Etüde fir ganz Lëtzebuerg getest: mat den ëffentleche Verkéiersmëttelen ass een dacks duebel bis 6 mol sou laang ënnerwee wéi mam Auto, souguer an de Stousszäiten!

Bréngt de gratis Transport da guer näischt?

Dat kann ee lo och net soen. Et kann een dovun ausgoen datt d‘Passagéierzuele klamme wäerten, villäicht souguer staark. Awer nieft e puer Autofuerer wäerte virun allem Foussgänger, Vëlosfuerer a Leit, déi bis elo wéineg mobil waren op déi ëffentlech Verkéiersmëttel ëmsteigen. Méi Passagéier bedeit awer och datt d’Verkéiersnetz ausgebaut muss ginn: méi Linnen a méi eng héisch Frequenz. An dat kann dann dozou féieren, dass de Bus, d’Bunn oder den Tram sou attraktiv ginn datt sech méi Leit iwwerzeege loossen, hiren Auto an der Garage ze loossen. Leider gëtt awer nach ëmmer ze wéineg wëssenschaftlech Etüden iwwert d’Aféierung vum gratis Transport. Et ass dofir net méiglech fir präzis Prognosen ze maachen.

Fir d’Wëssenschaftler ass d’Aféierung vum gratis Transport also e grousst Experiment?

Dat kann een sou gesinn! An dëser Gréisstenuerdnung ass et op alle Fall weltwäit eemoleg. Lëtzebuerger an international Fuerscher wäerten dat elo genee verfollegen a si gespaant wéi et sech auswierke wäert. Dofir bleift d’Fuerschung spannend!

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Michèle Weber, Joseph Rodesch, Jean-Paul Bertemes

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Aussi dans cette rubrique

Aus 215 Meter Héicht Eeër-Challenge vun enger RTL-Antenn zu Jonglënster

E réit Héngeree kann eng Chute aus 215 Meter Héicht iwwerliewen. Wéi dat geet, a firwat de Mr Science mam Olivier Catani NACH op den héige Sendemast eropgeklommen ass, gitt der am Video gewuer.

FNR
Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi vill Screentime ass eigentlech gutt a wéini soll ech agräifen, Mr Science?

FNR
Digital Entzéiungskuer Ass et gutt, eng Social-Media-Paus ze maachen?

D’sozial Medie sinn haut en Deel vum Liewen. Mee ass et vläicht sënnvoll, vun Zäit zu Zäit eng Paus anzeleeën?

FNR