
© shotshop.com
Bei Musek geet de Goût dacks staark auserneen.
Oninspiréierter wäerten ausstierwen... Nee am Eescht: Déi Stécker beandrocken dacks besonnesch, well ee weess, dass si vun enger Maschinn ofstamen, an dat geheit grondsätzlech Froen op. Wat ass Kreativitéit oder Originalitéit, a wat mécht eis als Mënschen iwwerhaapt aus? Si mir wierklech eppes Besonnesches, Onerreechbares? Mee éier een ufänkt ze philosophéieren, sollt een sech villäicht als éischt a Rou ukucken, wéi dës Computermusék eigentlech entsteet.
Dat géif ech och gäre wëssen!
Schonn 1957 gouf an den USA déi éischte Kéier ee Stéck, wat mat Hëllef vum Computer komponéiert gouf, opgeholl. Et war e Sträichquartett. Déi zwee Artisten vum Kompositiounsprogramm haten dem Computer bestëmmte Reegele virginn, wéi en komponéiere sollt. An dat ass bis haut ee ganz intressanten Aspekt: dës Reegele gi jo vir, wat gutt oder schlecht Musek si soll.
Doriwwer kann ee jo awer streiden!
Kloer, grad bei Musek geet de Goût dacks staark auserneen. Et ginn Epochen, wéi de Barock z.B. wou et kloer festgeluechte Reegele goufen, fir e gutt Museksstéck. Meeschtens sinn d’Reegelen awer net kloer festgeluecht, an trotzdeem erkennt een aus wéi enger Zäit e Museksstéck kënnt. An doranner läit d’Schwieregkeet och fir Komplositiounsprogrammer ze schreiwen: Et muss ee fir d’éischt dës Reegelen definéieren, déi déi aktuell Musek beschreiwen, an dat ass net einfach.
A wat kann een dann domat maachen?
Dat, wat och d’Lëtzebuerger Start-up AVIVA mécht. Si hate jo ee Stéck fir Nationalfeierdag 2017 geschriwwen. Si haten dem Computer d’Komponéiere mat kënschtlecher Intelligenz bäibruecht. Haut mengt een domat meeschtens Computerprogrammer, déi Reegelen unhand vu Beispiller selwer erausfanne kënnen.
Wéi maachen si dat?
Et léisst een zum Beispill Kompositioune vu Bach, Mozart a Beethoven analyséieren. De Computer léiert esou, wéi eng Nouten an der Reegel openee kommen. Wann de Programm da selwer eppes komponéiert, probéiert en vill verschidde Varianten duerch, a hält nëmmen déi, bei deenen Tounoffolgen ähnlech sinn, wéi bei de virdru geléierte Kompositiounen. Meeschtens kënnt dann awer och erëm de Mënsch an d’Spill, deen entscheet, wéi eng vun de Kompositiounsvirschléi aus dem Computer weiderveraarbecht ginn, an dës ginn dann nach finaliséiert? Dat gëtt „kuratéieren“ genannt.
A kann de Computer villäicht ee ganz neien, nach komplett onbekannte Museksstil erfannen?
Ee Stil, deen och erfollegräich ass? Bis elo ass dat nach net geschitt, mee dat kënnt awer villäicht nach. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!
Nach e puer aner Froen...
Wéi genau léiert de Computer d’Komponéieren?
Kann ee Computer rechtlech als Komponist unerkannt ze ginn?
Wéi gutt erkenne Computer verschidde Museksstiler?
Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)
Foto: shotshop.com