D‘Michèle vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag, wéi een d’Musek déi aus engem Handy kënnt mat enger Schippsdous verstäerke kann. Schneid einfach e Schlitz vun der Gréisst vun dengem Handy méiglechst no bei de Buedem vun der Dous a stiech däin Handy dran. Duerch den Tüb gëtt de Schall vum Handy an eng Richtung konzentréiert ausserdeem wierkt de Buedem an d‘Dous als Resonanzkierper, dat heescht alles schwéngt mat der Musek mat, wouduerch de Schall zousätzlech verstäerkt gëtt. 

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Concours #ExperimenterDoheem

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen! Méi Infoën hei:

Aussi dans cette rubrique

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
KAPPIWWER Physikalescht Experiment: Waasser bleift an ëmgedréiter Fläsch

Mat dësem Experiment kanns du eng voll, oppe Fläsch op d'Kopp stellen ouni datt d'Waasser ganz erausleeft.

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR