FNR

De Joseph vu science.lu weist dir am Experiment vun haut wéi een e Glas Waasser op d’Kopp dréint ouni datt et ausleeft. Lee e Kartong op e Glas, an dréi d’Glas mam Kartong virsiichteg ëm a looss de Kartong duerno lues lass. Dobäi leeft ganz e bësse Waasser aus wouduerch e klengen Ënnerdrock an der Loft iwwert dem Waasser entsteet. Elo versicht d’Waasser aus dem Glas zwar den Deckel no ënnen ze drécke mee baussen dréckt de Loftdrock op d’Glas an deen ass méi staark. Réischt wann eist Glas 10 meter héisch wier, géif d’Experiment net méi funktionéiere well dann den Drock vum Waasser t'selwecht grouss wier. D’Waasser verschléisst ausserdeem d’Verbindung mam Kartong an doduerch ka keng Loft erastréimen – dës Verbindung ass awer net ganz fest- wann een ze vill rëselt da gëtt een naass…

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen. Méi Infoe fënns Du hei:

Aussi intéréssant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR
Géométrie Réalise des expériences avec un ruban de Möbius en papier cadeau

Un ruban de Möbius est une surface bidimensionnelle qui n’a qu’une face et une arête. Fascinant !

FNR