Haut weist d'Melanie vu science.lu en Experiment.

D‘Melanie vu science.lu weist dir am Experiment vum Dag wéi een e Mini Vulkan baut deen ausbrécht. Eng chemesch Reaktioun mat Bakpolver an Esseg produzéiert e Gas (CO2). Dëse bleift am Spüli gefaangen a produzéiert Schaum. Mat e bësse Ketchup oder Liewensmëttelfaarf kanns de dat Ganzt nach rout fierwen.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: dech virwëtzeg maachen, dech un d’staunen kréien an dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Aussi dans cette rubrique

Expérience de Noël Construis un sapin de Noël qui danse – à l’aide d’un moteur électrique

Dans cette expérience, tu découvriras comment l'électricité et le magnétisme interagissent dans un moteur électrique simple pour mettre un objet en mouvement.

FNR
Message secret Fais apparaître un message invisible – grâce au curcuma

Une réaction chimique entre quelques ingrédients qu’on trouve dans la cuisine provoque un changement de couleur – et permet de faire apparaître un message secret.

FNR
Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR