FNR

De Joseph vu science.lu weist dir am Experiment vun haut wéi ee mat enger Mënz (oder enger Mudder) an engem Ballon Téin produzéiere kann. Stiech eng 10 Cent Mënz (dës huet Rillen) an e Loftballon a blos en op. Dréin de Ballon elo sou an der Hand ronderëm datt d’Mënz sech am Ballon opriicht a wéi e Rad ronderëm dréint. Duerch d’Rillen op der Mënz entsteet e reegelméissegt Klappgeräich op der Ballonshaut an dëst produzéiert en Toun. Dësen ass méi hell wat d’Vitesse vun der Mënz méi grouss ass. Ab 20 Klappgeräischer pro Sekonn (20 Herz) héiert eist Ouer en Toun.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen.

Méi Infoen fënns Du hei:

Aussi intéréssant

Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéng...

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Joseph playing a flute
Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéngunge vun der Loft hunn, déi den Toun mécht.

FNR
Réaction chimique Fais pousser un « arbre » à l'aide de bicarbonate de soude et de vinaigre

Cet « arbre au bicarbonate » utilise un procédé similaire à celui du « volcan au bicarbonate ».

FNR
Expérience de Noël Construis un sapin de Noël qui danse – à l’aide d’un moteur électrique

Dans cette expérience, tu découvriras comment l'électricité et le magnétisme interagissent dans un moteur électrique simple pour mettre un objet en mouvement.

FNR