FNR

De Joseph vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag wéi ee mat engem Glas Waasser e flotten opteschen Effekt kreéiert. D’Waasser brécht d’Liicht, dat heescht wa Luucht an engem gewësse Wénkel op Waasser (oder soss e Medium) trëfft gëtt et ëmgeleet. Dës Ëmleedung passéiert well d’Liicht ënnerschiddlech Vitessen a verschiddene Materialien huet. Den Opbau am Experiment ass genee sou gewielt datt d’Bild am Hannergrond gespigelt gëtt.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: dech virwëtzeg maachen, dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Aussi intéréssant

L'énergie du soleil Quel ballon éclate le plus vite au soleil ?

Dans cette expérience, la lumière solaire concentrée et la chaleur font éclater des ballons de différentes couleurs – ma...

FNR
Wanter-Experiment Bau e Schnéimännchen ouni Schnéi – a looss e schmëlzen

Bakpolver, Salz, e bëssi Spüli, Waasser, Deko, Esseg – a lass! En einfacht Experiment fir d’Chrëschtvakanz fir virwëtzeg...

FNR
Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéng...

FNR

Aussi dans cette rubrique