FNR

Video vum Experiment

Material

  • Réi Héngeree
  • Glas
  • Waasser
  • Salz

Duerchféierung

Fëll e Glas mat wotlechem Waasser vum Krunn a gëff virsiichteg e réit Héngeree dran. D’Ee geet am Waasser ënner. Huel d’Ee nach eng Kéier aus dem Glas eraus a gëff 2-3 Iessläffele Salz an d’Glas. Réier bis d’Salz sech am Waasser opgeléist huet. Gëff dann d’Ee nach eemol an d’Waasser. Elo schwëmmt et (falls net, gëff nach e Läffel Salz dobäi a probéier nach eng Kéier).   

Prinzip

De Grond firwat d’Ee am Salzwaasser schwëmmt huet mat der Dichte a mat der Poussée d’Archimède ze dinn.

All Material huet eng bestëmmt Dichte, d.h. eng bestëmmte Mass pro Volume. Séisswaasser huet eng Dichte vun 1g/cm3. Dat heescht: 1 ml Waasser weit 1 g. Géigestänn oder Materialer déi eng méi héich Dichte hu wéi Waasser, ginn ënner.

Salzwaasser huet eng Dichte vun > 1g/cm3. Dat heescht konkret: 1ml Salzwaasser weit méi wéi 1g an ass deemno méi schwéier wéi 1 ml Séisswaasser.

Wann d’Ee an d’Waasser geluecht gëtt verdrängt et ee Volume Waasser, dee sengem eegene Volume entsprécht. Nom Principe d’Archimede ass den Opdriff (d’Poussée d’Archimède), deen e Géigestand spiert, genee sou grouss wéi d’Gewiichtskraaft vum Waasser dat de Géigestand verdrängt.

Well d’Waasser ouni Salz eng méi niddreg Dichte huet wéi d’Ee, respektiv de Volume Waasser deen d’Ee verdrängt méi liicht ass wéi d’Ee, ass den Opdriff net grouss genuch fir datt d’Ee schwëmmt.

Well Salzwaasser awer méi eng héich Dichte huet wéi Séisswaasser (also méi schwéier ass) gëtt d’Ee no uewe gedriwwen an et schwëmmt.

Aus demselwechte Grond schwëmmt e Mënsch ouni grouss Ustrengung op der Uewerfläch vum doudege Mier, dat e Salzgehalt vun ca. 30% huet. D’Dichte vum doudege Mierwaasser ass liicht méi héich wéi déi vum mënschleche Kierper.

Alldag

Dëst Experiment kann een och benotze fir erauszefannen, wéi al réi Eeër sinn. Ee frëscht Ee brauch jee no Gréisst 2-3 Iessläffele Salz am Waasser bis et schwëmmt, en alt Ee schwëmmt awer scho villäicht bei 1 Iessläffel. Mat der Zäit verdonst Waasser aus dem Ee duerch d’Eeërschuel a wat d’Ee méi al ass, wat méi Waasser verdonst ass an dat geet dann duer fir datt d’Ee méi liicht gëtt a bei manner Salz schwëmmt.

Tipps

Dëst Experiment funktionéiert och mat gekachten Eeër. Do brauch een awer an der Reegel manner Salz, fir datt d’Ee schwëmmt, wéi bei engem gläich grousse réien Ee.

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Video: Melanie Reuter (FNR)

 

Aussi dans cette rubrique

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
KAPPIWWER Physikalescht Experiment: Waasser bleift an ëmgedréiter Fläsch

Mat dësem Experiment kanns du eng voll, oppe Fläsch op d'Kopp stellen ouni datt d'Waasser ganz erausleeft.

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR