© Pixabay

Virun e bëssi méi wéi honnert Joer huet e Chemiker entdeckt, wéi een aus Loft Dünger produzéiere kann.

Virun e bëssi méi wéi honnert Joer huet e Chemiker entdeckt, wéi een aus Loft Dünger produzéiere kann. Mat senger Hëllef kann haut op all Quadratmeter Acker genuch Kar wuesse fir 1 Kilo leckert Brout ze baaken!

Mee wéi hunn d’Bauere fréier, wéi et nach kee Konschtdünger gouf, fir fruchtbar Felder gesuergt?

Se hu virun allem mat Exkrementer vun Déiere gedüngt, dem Piff oder op däitsch Dung.

Dofir heescht et och Dünger?

Genee! Se wossten dass Planzen domat besser wuessen. Mee Piff a Mëscht waren am Manktem, et gouf meeschtens net genuch dovun, fir all d’Felder domat ze piffen. Am 19. Jorhonnert huet dunn de Chemiker Justus von Liebig de Stoffwiessel vu Planze systematesch ënnersicht an entdeckt, dass am Piff Mineralstoffer sinn, déi Planze fir ze wuesse brauchen. Dee wichtegsten dovun ass Stéckstoff. Doraus maache Planzen zum Beispill Proteinen. Chemiker hunn also no engem Wee gesicht, Stéckstoffdünger kënschtlech ze produzéieren. An zwar aus Loft, well déi besteet zu iwwer dräi Véierel aus Stéckstoff!

Ok, Stéckstoff ass also keng knapp Matière Première?

Iwwerhaapt net! Den eenzege Problem ass, dass de Stéckstoff aus der Loft extrem stabil ass. Et brauch ee ganz ganz vill Energie, fir doraus eng Stéckstoffverbindung ze kréien, mat deene Planzen eppes ufänke kennen. Dëst ass dem Chemiker Fritz Haber réischt 1909 gelongen. Ech hat e Proff op der Uni, dee geschwäermt huet datt et ab deem Moment méiglech war aus Loft Brout ze produzéieren.

Dat ass jo schéin, wann een sou passionéiert Proffen huet. Mee Konschtdünger huet haut kee wierklech gudde Ruff méi?

Haut düngt ee leider ëmmer nach vill ze oft no der Devise: Vill hëlleft vill. De Problem ass heibäi, dass de Stéckstoff, dee Planzen net verbrauchen, a Form vun Nitrat an d'Grondwaasser wandert an sou eis Drénkwaasser verseucht. Ausserdeem mëscht ze vill Dünger de Buedem op laang Siicht onfruchtbar.

Modern Bauere probéieren dofir d’Liewen am Bueden ze ënnerstëtzen. Well an engem gesonde Buedem liewe Reewierm, Aasselen, Käferlarven – an zousätzlech em 100.000 verschidden Aarte vu Bakterien!

100.000 verschidden Aarte vu Bakterien?

Jo, an e puer dovunner kenne souguer Stéckstoff aus der Loft an Dünger ëmwandelen! Je besser et hinne geet, ëmsou manner Stéckstoffdünger muss de Bauer kafen. D’Fuerscher hunn awer nach vill de dinn, bis dass se d’Prozesser am Buedem komplett  verstinn.

D’Aarbecht geet hinnen also net aus?

Béi sou engem Gewibbels am Buedem soubal nach net! Dofir ass Fuerschung jo sou spannend!

 

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Aussi intéréssant

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR
Recherche au LIST : de quoi sera fait l'avenir ? Un modèle de poumon vient remplacer les tests sur les animaux dans l’expérimentation

L'expérimentation animale dans la recherche est très controversée. Le scientifique du LIST Arno Gutleb et son équipe tra...

Application pour smartphone Les substances nocives au quotidien

La plupart des biens de consommation contiennent des produits chimiques. Mais savez-vous lesquels représentent un danger...

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR