
shotshop.com
Déi héich Téin hunn eng méi héich Frequenz, dat heescht, dass se méi Drockschwankunge pro Sekonn produzéieren, wéi déif Téin.
Am beschte versteet een et wann ee weess wat de Schall ass. Dat gesäit en gutt bei enger Membran vun engem Hautparleur: bei déiwen Téin gesäit een wéi se sech hin an hier beweegt. Bei den héijen Téin kann ee mam Fanger spieren wéi se vibréiert. D’Loft gëtt vun der Membran ofwiesselnd zesummegedréckt an ausernee gezunn. Dobäi ginn Drockschwankunge produzéiert, déi sech duerch d’Loft weider beweegen. Déi Drockschwankungen héiere mir an eisem Ouer als Toun.
Wat ass dann den Ënnerscheed tëschent héijen an déiwen Téin?
Déi héich Téin hunn eng méi héich Frequenz, dat heescht, dass se méi Drockschwankunge pro Sekonn produzéieren, wéi déif Téin. Héij Téin beweegen d’Loftdeelercher also méi dacks hin an hier wéi déif Téin. A wann eng Schallwell d’Deelercher méi dacks muss hin an hier stoussen, da leescht se och méi Aarbecht. Dobäi geet Energie a Form vu Wäermt verluer. Déi héich Téin ginn dofir méi séier méi schwaach. Si mussen einfach méi schaffen wéi déi Déif...
Wat geschitt da wann d’Téin net duerch d’Loft ginn, mee duerch d’Maueren?
De Prinzip ass ëmmer de selwechten: Téin sinn Drockschwankunge, déi d’Baudeeler vun der Matière hin an hier beweegen. Dobäi ass et egal op dat Deelercher vun der Loft oder vum Bëtong sinn. Déi héich Téin beweegen d’Deelercher méi séier, an doduerch ginn se och méi séier schwaach. Doduerch kommen déi déif Téin nët nëmmen méi wäit duerch d’Loft mee och besser duerch d’Maueren.
De selwechten Effekt, notzen och Elefanten an Walen. Hir Lauter bestinn haaptsächlech aus déiwen Téin. Doduerch ginn hier Signaler ganz weit duerch d’Savannen an duerch d’Mier bis se bei hiren jeeweilegen Kollegen ukommen.
Haustechnik: Infraschall Problem
Mat Schall an de Kierper kucken: Firwat den Ultraschall ënnert d’Haut geet?
Auteur: scienceRELATIONS
Editeur & Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)