shotshop.com
Sonneliicht ass e Gemësch vu Faarwen aus dem Reebou. An all Faarf huet seng ganz bestëmmt Wellelängt an Energie. Wann elo e Sonnestral op e Blat fält ginn déi rout, giel a blo Undeeler vum Liicht verschléckt. D’Experte soen absorbéiert. Déi gréng Undeeler dogéint gi vum Blat reflektéiert. Eis Ae gesäit déi gréng Luucht an dofir schéngt eis d’Blat gréng, an net schwaarz. Et wier just schwaarz wann dat ganzt Liicht géif verschléckt ginn.
Mee wien oder wat verschléckt dat Liicht dann?
Dat ass de grénge Blatstoff, de Chlorophyll.
OK a wat mécht de Chlorophyll da mam Liicht wat e verschléckt?
Planze liewen vum Sonneliicht. Dat ass e wichtegen Deel vun hirer Nahrung. D’Liichtenergie dreift an de Pflanzenzellen eng kleng Chemiesfabrick un. An dëser Mini-Fabrick leeft dann d’Photosynthese of. Dovunner hues de bestëmmt schonn héieren.
Jo dat déi Reaktioun mat där d’Planz de Sauerstoff mécht.
Genee. Am Agang vun der Fabrick sëtzen dës Blatfaarfstoffer: d’Chlorophyller. Déi fänken, wéi scho gesot déi rout giel a Blo Liichtstralen an, a leeden d’Liichtenergie bannen an d’Zell weider. An hei mécht d’Planzenzell mat där Energie aus Waasser a Kuelendioxid Zocker an Sauerstoff. Den Zocker si d’Bausteng déi d’Planz brauch fir ze wuessen. De Sauerstoff brauche mir fir ze ootmen.
OK, mee firwat benotzt d’Planz net och nach dat gréng Liicht?
An der Natur gräife vill Prozesser anenaaner – d’Planzen si jo net eleng do. Chlorophyll ass eng Substanz déi stabil ass, Energie gutt ophuelen an un aner Substanze weider gi kann. D’Fuerscher mengen, dass dee sech dowéinst am Laf vun der Evolutioun duerchgesat huet, obschonn e bëssen Energie verluer geet. Ee Gléck fir eis, stell der mol e Fréijoer mat schwaarze Planze vir...
Faarweg Blieder
Chlorophyll – och Blatgréng genannt – sinn zwar déi wichtegst Faarfstoffer an engem Planzeblat. Awer si sinn net déi eenzeg. Fir d’Photosynthese ass och déi rout Phycobiline an déi orange Carotinoide wichteg. Si fänken och Energie op, Carotinoide schützt d’Blat mat sengem empfindleche Photosynthesen-Apparat och virun ze vill Liicht. Doriwwer eraus gëtt et och nach rout a blo Anthocyane, déi awer bei der Photosynthese keng Roll spillen. Wann am Hierscht d’Blatgréng ofgebaut gëtt, kommen déi orange, rout a blo Faarfstoffer eraus a fierwen eis Beem an de schéinsten Hierschtfaarwen.
Kënschtlech Photosynthese
Effektiv schaffen d’Fuerschung haut och an engem „kënschtlechem Blat“. Et soll Sonneliicht a Form vu chemescher Energie späicheren, also aus Liicht a Waasser solar Brennstoffer hierstellen. Dat wier eng klimaneutral Léisung, well bei der Verbrennung vun dëse Brennstoffer entstinn nëmme Waasser, keen zousätzlecht CO2. Am Prinzip bestinn sou Systemer aus enger Kombinatioun vu Solarzellen a Katalysatoren. Verschiddener vun dëse Systemer sinn haut nach vill méi „effizient“ wéi déi natierlech Photosynthese. Si sinn awer och méi deier a méi empfindlech.
Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur : Melanie Reuter a Joseph Rodesch (FNR)
Infobox
All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.