Telepathie zwischen zwei Menschen

Adobe Stock (pathdoc)

Munch Mënsche kënne sech immens gutt an anerer eraversetzen.

D’Wëssenschaft huet Telepathie nach ni eendeiteg noweise kënnen. Et dauchen zwar ëmmer nees Studien op, déi esou eppes behaapten. Mee aner Wëssenschaftler konnten dann ëmmer noweisen, dass bei de Versich eppes net gestëmmt huet: Et goufe Versuchsreien ofgebrach, wann d’Resultat presuméiert signifikant Telepathie nogewisen huet. Oder et ass virkomm, dass de Fuerscher d’Resultat beaflosst huet – an der Reegel, ouni et ze mierken. An der psychologescher Fuerschung weess ee scho laang, dass d’Fuerscher ganz selbstkritesch hir Versich reflektéiere mussen, well d’Manéier, wéi se duerchgeféiert ginn, e groussen Impakt op d’Resultater huet.

A munche Gespréicher hunn ech awer schonn den Androck, dass mäi Gespréichspartner weess, wat ech soe wëll, ier ech meng Gedanken ausgeschwat hunn. Dat kënnt mir heiansdo vir ewéi Telepathie.

Munch Mënsche kënne sech immens gutt an anerer eraversetzen an dowéinst bei engem Gespréich d’Gedanken an d’Gefiller vun der Persoun vis-à-vis anticipéieren. Wëssenschaftler benotzen heifir de Begrëff „Theory of Mind“. Jiddwereen, deen e groussen Don fir d’Theory of Mind huet, schwätzt Gedanken ënner Ëmstänn méi séier aus ewéi s du. Telepathie ass dat awer net.

Ginn et dann technesch Méiglechkeeten, fir Gedanken ze iwwerdroen?

Wëssenschaftler schaffen intensiv dodrun a maachen och ganz gutt Fortschrëtter – zum Beispill, fir dass queeschschnëttsgeläämt Persoune just mat Hëllef vun hire Gedanke Protheese steiere kënnen, déi hinnen d’Liewe méi einfach maachen.

Nach zimmlech nei ass eng Erkenntnis aus der Quantephysik, déi sougenannt Quanteverschränkung. D’Liicht besteet jo aus Photonen, déi esouwuel Liichtwellen ewéi och Liichtpartikele si kënnen. Photone kënne matenee verschränkt sinn: Den Zoustand vun deem enge Photon bestëmmt den Zoustand vum Photon, dee mat em verschränkt ass. Heibäi ass et ganz egal, wou déi zwee sech grad befannen.

Infobox

Wéi muss ech mir dat mat der Quanteverschränkung virstellen?

Looss eis mol e Gedankenexperiment maachen. Du stees um Nordpol an hues e Photon an ech stinn um Südpol an hunn och e Photon. Béid Photone si matenee verschränkt. Wann däi Photon plus 1 uweist, da weist mäi minus 1. Minus 1 bei dir bedeit plus 1 bei mir.

Elo mooss du um Nordpol den Zoustand vun dengem Photon. An deem Ablack, wou gemooss gëtt, weist e plus 1 – an am selwechten Ablack kënnt d’Informatioun bei mir um Südpol un: Mäi Photon weist elo minus 1.

Dës Informatioun gëtt direkt iwwerdroen – also méi séier ewéi mat Liichtgeschwindegkeet an ouni e Medium. Dowéinst schwätzt een och vu Pseudo-Telepathie.

Datt Quanteverschränkung theoreetesch méiglech ass, hat schonn den Albert Einstein prognostizéiert. Allerdéngs huet hie se als „spukhaften Effet op Distanz“ bezeechent. Fir den experimentelle Beweis gouf et 2022 den Nobelpräis fir Physik. Ob mir vläicht iergendwann emol Quanteverschränkunge fir Telepathie notze kënnen, bleift bis elo Spekulatioun. Wëssenschaftler schaffen awer drun, den Effet fir Quantecomputeren oder Quantekryptographie ze notzen. Et bleift also spannend an der Wëssenschaft!

Wëssen, wat kënnt – d’Theory of Mind

Mënsche si sozial Wiesen – meeschtens handele mir net eleng, mee zesumme mat aneren. Dowéinst ass et fir eis esou wichteg, eis an d’Gedankewelt vun aneren eraversetzen ze kënnen. Mir bilden eis intuitiv eng Theorie doriwwer, wéi aner Mënschen „ticken“ a wéi se sech warscheinlech verhale wäerten – eeben eng Theory of Mind (ToM). Esou kënne mir eis séier op anerer astellen a passend reagéieren. D’Liewen an der Grupp gëtt doduerch méi einfach an erfollegräich – en immens wäertvollen evolutive Virdeel.

Ugebuer ass d’ToM awer net. Kanner mussen se fir d’éischt léieren. Ab zirka 18 Méint fänke kleng Kanner un, d’Gedanke vun hire Matmënschen anticipéieren ze kënnen. No zirka dräi Joer kënne si sech da wierklech eng Theory of Mind zurechtleeën. Fir Mënsche mat Autismus ass dëst allerdéngs méi problematesch. Hinne fält et schwéier, sech an anerer eranzeversetzen a sech esou ze verhalen, ewéi et hiert Ëmfeld erwaart. Studie weisen, dass dëst ënner anerem un engem Manktem un dem Hormon Oxytocin leie kann.

 

Bits, Qubits a Quantecomputeren

An de Computerchippe vun eise gewéinleche Computere suergen d’magnéitesch Zoustänn vun der Matière dofir, dass Informatioune gespäichert ginn. A Quantecomputeren – den Numm seet et schonn – sinn et d’Quantenzoustänn vun der Matière. Den Ënnerscheed: D’grondleeënd Späicherunitéit an haitege Computeren – de Bit – kennt just zwee Zoustänn, Nullen an Eenten. Bei Quantebits oder Qubits sinn och d’Null oder d’Eent denkbar – a weider belibeg Iwwerlagerungszoustänn dertëschent. Ausserdeem beaflossen d’Qubits sech géigesäiteg. Dëst féiert scho bei klengen Unzuele vu Qubits zu enger enormer Unzuel vu méigleche Quantenzoustänn. Technesch si Qubits vill méi schwiereg ze realiséieren ewéi Bits, déi op Magnetismus baséieren. Mee d’Fuerschung mécht heibäi rasant Fortschrëtter. Dëst féiert zu enger quasi onvirstellbarer Leeschtungssteigerung bei Quantecomputeren am Verglach mat de klassesche Computeren, déi mir därzäit benotzen.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Éditeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?)

Infobox

Quellen

Milton, J., & Wiseman, R. (1999). Does psi exist? Lack of replication of an anomalous process of information transfer. Psychological Bulletin, 125(4), 387–391.

Simmons, J. P., Nelson, L. D., & Simonsohn, U. (2011). False-Positive Psychology: Undisclosed Flexibility in Data Collection and Analysis Allows Presenting Anything as Significant. Psychological Science, 22(11), 1359-1366.

https://www.scientificamerican.com/article/researchers-use-quantum-telepathy-to-win-an-impossible-game/

https://www.nobelprize.org/prizes/physics/2022/popular-information/

https://iopscience.iop.org/article/10.1088/2399-6528/ac94be

https://www.dasgehirn.info/denken/im-kopf-der-anderen/geborene-gedankenleser

https://www.mpq.mpg.de/6874969/johannes-zeiher-controlling-the-unimaginable

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR