AdobeStock/chokniti & AdobeStock/Elnur

Et gëtt etlech Grënn, firwat eist Gehier d'Songtexter méi einfach späichert ewéi komplex wëssenschaftlech Formelen.

Et gëtt etlech Grënn, firwat eist Gehier d'Songtexter méi einfach späichert ewéi komplex wëssenschaftlech Formelen. Dee Wichtegsten ass wuel, datt d'Texter vu Lidder – am Géigesaz zu thermodynamesche Formelen – mat Musek a rhythmesche Mustere verbonne sinn. Dat ënnerstëtzt d'Gediechtnes, well de Rhythmus an d'Melodie méi Gehierberäicher gläichzäiteg aktivéieren. Zum Beispill Zonen, déi fir d'Beewegungsplanung an d'Zäitgefill zoustänneg sinn. Dofir brauchs du emol net selwer Musek ze maachen. Et geet duer, se einfach nëmmen ze lauschteren.

Wann dës ënnerschiddlech Gehierberäicher beim Museklauschteren aktiv ginn, verbessert sech d'Fäegkeet vum Gehier, sech ze veränneren an unzepassen – also, ganz einfach, ze léieren.

Spillt d'Widderhuelung vun Textdeeler, zum Beispill am Refrain, och eng Roll?

Absolut! A Lidder ginn oft bestëmmt Wierder, Sätz oder Melodieabschnitter widderholl. A Widderhuelung ass eng bewäert Method, fir sech Informatioune séier an dauerhaft ze mierken. Zum Beispill den Text vu Lidder, mee och Vokabelen. Wëssenschaftlech Formelen dogéint si meeschtens komplex a beinhalte keng Widderhuelungen. Et ass deementspriechend méi schwiereg, se am Kapp ze behalen.

E weidere wichtege Punkt ass, datt Lidder ganz oft eis Gefiller uspriechen. Dat bewierkt deen éischten Haaptsaz vun der Thermodynamik nëmme bei ganz wéinege Leit. Emotioune spillen awer eng entscheedend Roll dobäi, wéi mir Informatioune späicheren an ofruffen. E Lidd, dat eis réiert oder u besonnesch Momenter erënnert, bleift eis einfach am Gediechtnes.

An iergendwéi erziele Lidder jo meeschtens eng Geschicht. Spillt dat och eng Roll?

Op jidde Fall. Eist Gehier ass besonnesch gutt doranner, Geschichten ze späicheren. Abstrakt Informatiounen ewéi thermodynamesch Formele si schwéier ze verschaffen an ze verhalen, well se – zumindest fir déi meescht – keng Geschicht erzielen an e komplizéierte Kontext hunn.

Beim Songcontest gesinn ech de Sänger, héieren de Gesank a schloen den Takt. Am Physiksbuch liesen ech nëmmen.

Net nëmme liesen hëlleft vill beim Léieren. Musek ass e multisensorescht Erliefnis, schwätzt also méi Sënner un. Dës Kombinatioun aus Lauschteren, Gesinn an der Perceptioun vu Kierperbeweegunge kann d'Leeschtung vum Gediechtnes staark verbesseren. Eng Formel dogéint schwätzt meeschtens nëmmen de visuelle Sënn un a fuerdert e Verständnis vun de Konzepter, déi dohannertstiechen, fir datt se och hänke bleift.

Kéint Léieren duerch Lidder eng praktesch Method sinn, fir sech geziilt Saachen ze mierken?

Firwat net? Villäicht sollt ech mäin nächste Bäitrag sangen?

Ganz am Eescht: Et gëtt kreativ Usätz, fir an der Bildung mat Musek ze schaffen; an och fir wëssenschaftlech Konzepter duerch Musek, Lidder oder Danz ze vermëttelen. Ee Beispill ass de Concours 'Dance your PhD'. Hei probéiere Fuerscher, d'Theema vun hirer Dokteraarbecht mathëllef vun enger Choreographie ze vermëttelen. Kreativ Usätz, fir an der Bildung mat Musek ze schaffen, kënne wierklech dozou bäidroen, d'Léieren ze verbesseren. Fuerscher schaffen och drun, fir esou Bildungskonzepter weiderzeentwéckelen. Et bleift also spannend an der Fuerschung.

Musek am Mathéscours?


Musek ënnerhält a mécht Spaass. Et ass awer och e gutt Mëttel, fir déi kognitiv Entwécklung vun de Mënschen ze fuerderen. Wëssenschaftlech Studie weisen, datt musekalesch Aktivitéiten d'Gehier strukturell a funktionell positiv beaflossen. Et gëtt Hiweiser drop, datt eng musekalesch Ausbildung dat musekalescht Gediechtnes an zugläich allgemeng kognitiv Fäegkeeten ewéi Opmierksamkeet, Sproochveraarbechtung oder mathematesch Kompetenze verbessert. Fuerscher vermuten och, datt d'Abanne vu Musek a Bildungsprogrammer      fir d'Léierfäegkeet an déi kognitiv Flexibilitéit vu Kanner an Erwuessener vu Virdeel ass. D'Wëssenschaftler schaffen drun, erauszefannen, wat fir eng Aspekter vun der musekalescher Bildung am effikasste sinn a wéi déi am beschten a Schoulen an an aner Bildungsariichtungen an den Unterrecht integréiert kënne ginn. Esou kann unhand vu Museksnouten, Takt a Rhythmus zum Beispill d'Brochrechne méi einfach verständlech ginn. Musek kann esou d'Léiere beräicheren a verdéiwen.

Autor: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Infobox

Quellen

Toader, C.; Tataru, C.P.; Florian, I.-A.; Covache-Busuioc, R.-A.; Bratu, B.-G.; Glavan, L.A.; Bordeianu, A.; Dumitrascu, D.-I.; Ciurea, A.V. Cognitive Crescendo: How Music Shapes the Brain’s Structure and Function. Brain Sci. 2023, 13, 1390. https://doi.org/10.3390/brainsci13101390

Plater L, Nyman S, Joubran S, Al-Aidroos N. Repetition enhances the effects of activated long-term memory. Q J Exp Psychol (Hove). 2023 Mar;76(3):621-631. https://doi.org/10.1177/17470218221095755

Tyng CM, Amin HU, Saad MNM and Malik AS (2017) The Influences of Emotion on Learning and Memory. Front. Psychol. 8:1454. https://doi.org/10.3389/fpsyg.2017.01454

Mar, R.A., Li, J., Nguyen, A.T.P. et al. Memory and comprehension of narrative versus expository texts: A meta-analysis. Psychon Bull Rev 28, 732–749 (2021). https://doi.org/10.3758/s13423-020-01853-1

Okray, Z., Jacob, P.F., Stern, C. et al. Multisensory learning binds neurons into a cross-modal memory engram. Nature 617, 777–784 (2023). https://doi.org/10.1038/s41586-023-06013-8

Uştu, H., Saito, T. & Mentiş Taş, A. Integration of Art into STEM Education at Primary Schools: an Action Research Study with Primary School Teachers. Syst Pract Action Res 35, 253–274 (2022). https://doi.org/10.1007/s11213-021-09570-z

Degé F (2021) Music Lessons and Cognitive Abilities in Children: How Far Transfer Could Be Possible. Front. Psychol. 11:557807. doi: 10.3389/fpsyg.2020.557807

Rauscher, F. H., & Zupan, M. A. (2000). Classroom keyboard instruction improves kindergarten children’s spatial-temporal performance: a field experiment. Early Childhood Res. Q., 15, 215–228. doi: 10.1016/S0885-2006(00)00050-8

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Hühnerei
An d'Schuel geschmass Firwat ginn et wäiss a brong Héngereeër?

Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong a wéi kënnt d'Faarf an d'Schuel?

FNR
Optik vum mënschlechen A Wéi vill (Mega-)Pixel huet eist A?

Mr Science, ëmmer méi Bildschiermer a Fotoapparater bidden enorm héich Opléisungen. Wéi vill Megapixel hätten eis Aen eigentlech, wann et Fotoapparater wieren?

FNR
Zaunkönig
Vullegesang Wéi brénge winzeg Villercher et fäerdeg sou haart ze sangen?

Sangvullen hunn zwou speziell Strukturen an hirem Kierper: Loftsäck an e besonnescht Stëmmorgan.

FNR