
shotshop.com
Laachen ass jo net onbedéngt dat selwecht wéi Gléck.
Si huet dozou eng ganz kloer Äntwert: déi allermeescht Studie soen, datt glécklech Mënsche méi laang liewen. Doraus kann ee folgeren, datt si wahrscheinlech och net sou heefeg schwéier Krankheeten hunn, déi d’Liewenserwaardung verkierzt.
Muss ech also méiglechst vill Laachen, wann ech al wëll ginn?
Nujee, Laachen ass jo net onbedéngt dat selwecht wéi Gléck. Mee och d’Laachen ass wëssenschaftlech ënnersicht ginn. Et ka kuerzfristeg d’Duerchbluddung an d’Sauerstoffversuergung vum Kierper an d’Lut setzen a Stress reduzéieren. Ob een elo alleng duerch Laache manner dacks krank gëtt, kënnen d’Resultater awer net eendeitech beweisen. Dofir bréicht ee méi grouss ugeluechte Studien. Mee déi kaschte Suen an déi ginn den Ament net an d’Laachfuerschung gestach.
Gutt, Laache schéngt also net ze schueden. Mee wéi ass et mam Gléck, wéi genau beaflosst et eis Gesondheet?
D’Fro ass sou schwéier ze beäntwerte wéi déi vum Hong a vum Ee: Wat ass Ursaach, wat Wierkung? Liewe Mënsche méi laang, well se glécklech sinn? Oder Sinn se glécklech, well se méi gesond sinn, a liewen dowéinst méi laang? Et ass schwéier, Gléck vun anere Facteuren ze trennen, déi villäicht vill méi wichteg fir d‘Gesondheet sinn. Huelen sech glécklech Mënsche méi Zäit fir Sport? Iessen si méi ausgeglach? Schlofen si besser? Et kéint och sinn, datt et un de Sue läit: Mënschen, déi méi verdéngen, si méi glécklech – op jiddefalls bis bei e gewëssenend Akommes. Si kënnen sech dacks eng besser medezinesch Versuergung leeschten. Sécher ass: Gléck an eng gesond Liewensweis beaflossen sech géigesäiteg. Ob ee Mënsch méi laang lieft, well e glécklech ass oder well en ee méi gesonde Liewensstil huet, ass schlussendlech jo amfong och egal – oder?
Wéi moosst een eigentlech Gléck?
Firwat si vill Laachstudie wëssenschaftlech ëmstridden?
Auteur: scienceRELATIONS/Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)