(c) NASA

10/7/1910: De Johann Galle stierft. Den däitschen Astronom war a senger Jugend fir d’spektakulär Entdeckung vum Planéit Neptun bekannt ginn.

En Aarbechtskolleg hat dem Johann Galle  d’Coordonnéeë vun enger Plaz am Himmel ginn, wou en neie Planéit sech misst befannen. Sou konnt de Galle säin Teleskop genee positionéieren an tatsächlech als alleréischte riicht op en neie Planéit kucken: den Neptun.

Wéi wousst deen da wou genee den Neptun wier?

Hien hat et ausgerechent! All Planéit vun eisem Sonnesystem beweegt sech jo op engem Orbit rondrëm d’Sonn. Bei engem Planéit, beim Uranus, sinn awer kleng Ongereimtheeten an den Date vu sengem Orbit festgestallt ginn, déi sech net duerch d’Unzéiungskraaft vun der Sonn erkläre gelooss hunn.

Haten se sech da verrechent?

Dat hätt kënne sinn. Mee an dësem Fall léist des kleng Ofwäichung sech doduerch erklären, dass eng aner Mass, en aner Planéit, op den Uranus awierkt an duerch seng Unzéiungskraaft säin Orbit liicht verännert. Wéi se dësem neie Planéit Neptun seng Positioun bis ausgerechent haten, konnt de Galle en ganz geziilt am Himmel identifizéieren.

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: André Mousset
Foto © NASA

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

 

Aussi dans cette rubrique

Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR