3/7/2003: Mars Express schéckt seng éischt Testbiller: Spektakulär Biller vun der Äerd mam Mound aus 8 Millioune Km mat enger hightec Kamera geschoss.

D'Missioun Mars Express gouf lancéiert fir Biller vum Mars ze liwweren. D’hightec Kamera huet bis elo dausende vu spektakulären 3-D Biller vum Mars geschéckt, eng geographesch Kaart mat Vulkaner, Canyons, Krateren an Äis. Zesumme mat den Donnéeë vun aner Instrumenter konnten d’Wëssenschaftler d’Zesummesetzung vum Buedem a vun der Atmosphär analyséieren a sech op d’Sich no Waasser maachen, fir iergendwann d’ganz Liewensgeschicht vum Mars kënnen ze entschlësselen.

War d'Missioun dann och erfollegräich?

Jo, si huet all Erwaardungen iwwertraff an ass dofir ëmmer nees verlängert ginn, sou dass de Mars Express haut, no 11 Joer, ëmmer nach an Aktioun ass.

De Mars Express huet awer fir d'éischt Fotoen vun der Äerd geschéckt, an net vum Mars. Firwat war deen éischten Test dann esou wichteg?

Et huet alles missen am Weltall getest ginn, vrun allem déi hightech Kamera, déi e groussen Deel vun der Missioun sollt ausmaachen. D’Missioun ass relativ séier an erstaunlech bëlleg op d’Been gesat ginn. Et si vill Equipementer vun alen, gescheiterte Missioune recycléiert ginn, an och vill Instrumenter einfach am Handel akaf ginn. De Risiko, dass en Instrument net géif wéi geplangt funktionéiere war also relativ grouss.

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: André Mousset, Jean-Paul Bertemes
Foto © NASA/JPL/ESA

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.