Shotshop
Bei dem Gebai gëtt e bësse gefuddelt, et soll nämlech duerch Stolstréiwe géint Äerdbiewe stabiliséiert ginn. Mee 90 Prozent wäert aus Holz sinn an dat ass bei der geplangter Héicht eng Rekordleeschtung. Dat am Moment héchste Gebai, wou d’droend Struktur wierklech nëmmen aus Holz ass, ass en 14 Etagen héicht Wunnhaus an Norwegen, ëmmerhin 49m héich.
Mee wat geschitt, wann a sou engem Holzhéichhaus e Féier ausbrecht?
Sou eppes sollt a kengem Haus geschéien, egal ob aus Holz oder aus Bëtong. Mee Holz ass iwwerraschenderweis méi feierfest wéi Stol.
Wéi kann dat sinn?
Stol gëtt scho bei vergläichsweis niddregen Temperaturen em déi 500 Grad mëll. Dës Temperature gi bei engem Brand schonns no wéinege Minutten erreecht. D’Stolträger kennen sech dann ënnert der Laascht vun den driwwerleienden Etage verbéien, d’Haus dréit dann anzestierzen. Holzdunne verkuelen zwar un der Surface, bléiwen awer vill méi laang stabil.
Gutt, mee wisou setzt ee bei Heischheiser net wieder hin op Stol a Bëtong?
Bei der Hierstellung vu Stol a Bëtong gëtt immens vill Energie gebracht a vill CO2 fräigesat. Holz wisst ganz vun alleng a bënd dobäi souguer CO2. Fir Héischhaiser benotzt een allerdengs keng Massivholzbalke mee aus verschiddene Schichten zesummengespeschten Holz. Daat ass immens stabil am verzitt sech sou gudd wéi guer net. An viru kuerzem hu Fuerscher aus Amerika en Prozedur entwëckelt, déi Holz 10 mol méi stabil mescht wéi Ontraitéiertes. D‘ Super-Holz iwwetrefft souguer vill Stolzorten an ass trotzdem 6 mol méi liicht wie Stol.
Beandrockend! Wéi maachen d’Wëssenschaftler dat?
Si kachen d’Holz an Natronlauge an Natriumsulfat. Doduerch gëtt den Holzbestanddeel Lignin zu engem Deel aus dem Holz geléist. Dann gëtt et op en Fënneftel vu senger initialer Deckt zesummegepresst.
Ass dat ëmweltfrëndlech?
D‘ Chemikalië gi standardméisseg och bei der Pobeierhierstellung agesat a kenne recycelt ginn. Mee et ginn nach vill aner Prozeduren ausprobéiert.
An der Holzfuerschung sinn also nach vill Iwwerraschungen ze erwaarden?
Op allen Fall! Dofir bleift d’Fuerschung jo och ëmmer spannend!
Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo : Shotshop
Infobox
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science
Wann een sech Holz ënnert dem Mikroskop ukuckt, erkennt een, dass et aus ville klengen Zelle besteet, déi eng Struktur wéi Beiewabe bilden. Gedréchent Holz besteet dofir am Schnëtt ongeféier zur Halschent aus Loft. Fuerscher versichen, dës Huelraim ze fëllen, fir d’Holz méi stabil ze maachen. Se experimentéiere mat Plastiker, idealerweis aus nowuessender Matière Premieren a biologesch ofbaubar. Wann si d’Holz domat imprägnéieren, gëtt et méi stabil, résistent géint Waasser a verfaulen, a jee no Holzaart, souguer liicht transparent! Se kenne mat chemesche Prozeduren awer och Kallek an d’Huelraim oflageren. Doduerch gëtt d’Holz méi feierfest.
Op d’Iddi, Seemiel an Zement ze mëschen, koumen d’Bëtongsmëscher scho viru ronn honnert Hoer an hunn Holzbëtong erfonnt. D’Holzmiel ersetzt dobäi Sand oder Kiselsteng, déi ee soss fir Bëtong benotzt. Placken a Zille déi sou produzéiert ginn hu gutt Hëtztdämmungs-Eegenschaften. Ausserdeem ass d’Baumaterial vill méi liicht wéi Bëtong, besonnesch liichten Holzbëtong schwëmmt souguer um Waasser! Haut interesséieren sech Materialfuerscher ëmmer méi fir dëst Material a versichen, seng Drofäegkeet ze verbessen.
Holzmiel a Plastik gi schonns säit längerem gemëscht, fir Holzähnlech Materialien hierzestellen, déi wéi Plastik gesprëtzt oder gegoss gi kennen. Doraus ginn ënner anerem Buedembeleeg oder Dille fir Terrassen hiergestallt. Dobäi stellt sech d’Fro, ob een d’Material éischter als Plastik oder als Formholz gesi soll. Well de Plastiksundeel ka bis zu 50% sinn… Viru knapp 20 Joer hunn Fuerscher eng Aart Flëssegholz entwéckelt, dat ouni Plastik auskennt. Se notzen dobäi den Holzbestanddeel Lignin, dee bei der Hierstellung vu Pobeier aus Holz als Offallproduit ufält. Si kreien dobäi e Granulat, dat ähnlech wéi Plastiksgranulat, zu Géigestänn weiderverschafft ka ginn