shotshop.com

Et gëtt ëmmer nach keng Impfung géint HIV, deen AIDS verursaacht. Awer a Länner mat gudder medezinescher Versuergung kënnen Infizéierter gesond weider liewen.

Mee so mol Mr Science, firwat gëtt et eigentlech e Vaccin géint Gripp, awer z.B. net géint AIDS?

Dat läit dodrunner, datt den HI-Virus - also den Ausléiser vun AIDS - seng genetesch Eegenschaften extrem séier verännere kann. E reproduzéiert sech immens séier a mutéiert dobäi andauernd. Doduerch verännert d'Surface vum HI-Virus sech och permanent.

An esou entzitt sech den HI-Virus den Attacke vum Immunsystem - a mécht d'Fuerschung un engem Vaccin immens schwéier. Et gëtt einfach kee Bausteen op der Surface vum Virus, deen iwwer eng länger Zäit onverännert bleift, an deen d'Impfstoff-Fuerscher fir hir Aarbecht benotze kéinten.

Firwat brauchen d'Fuerscher da fir d'Entwécklung vun engem Vaccin e Baustee vum Virus? 

Impfstoffer imitéiere Mikroben, fir den Immunsystem op den echte Mikrob virzebereeden, z.B. op Viren: Si präsentéieren den Immunzellen entweder eng ofgeschwächte Form vum Virus oder doudege Virus - oder nëmme bestëmmte Strukturen, déi och Bausteng vun der Virus-Enveloppe sinn. 

Den Immunsystem erkennt des Bausteng, déi sougenannten Antigenen, wa se him vum Vaccin präsentéiert ginn. Eisen Ofwiermechanismus fänkt dann un, eng Zort molekular Fändelcher ze produzéieren - dat sinn d'Antikierper. Am Eeschtfall, also bei der Infektioun mam echte Virus, ginn des Antikierper da ganz séier a grousse Quantitéite produzéiert. Si setze sech op den echte Virus a markéieren en sou fir zerstéiert ze ginn.

Mee wann et keen Antigen gëtt, dat iwwer länger Zäit onverännert bleift, gëtt et och kee Vaccin. Dat ass bei HIV de Fall.

A beim Grippevirus?

Do hunn d'Fuerscher et e bësse méi liicht. Si kënne bestëmmte Strukturen op der Surface vun de Grippeviren als Kopéiervirlag fir d'Entwécklung vun engem Vaccin benotzen. Mee och d'Influenzaviren, déi d'Gripp verursaachen, kënne sech veränneren. An all Joer breede sech ënnerschiddlech Versioune vum selwechte Virus an der Bevëlkerung aus. Well sech also d'Kopéiervirlag vu Joer zu Joer ännert, gëtt et all Joer en neie Vaccin. An dofir muss een sech all Joer nei impfe loossen.

Sou wéi all Mënsch säi ganz perséinleche Fangerofdrock huet, huet och all Mikrob Charakteristiken, duerch déi een en erëm erkennt. Dat si molekular Strukturen op der Surface vu Viren oder Bakterien. Fuerscher nennen des Strukturen Antigenen. De Virus vun de Riedelen huet aner Antigenen wéi de Poliovirus, bei de Viren déi Schnapp verursaache sinn d'Antigenen anescht wéi beim Grippevirus oder Coronavirus.

Wann e Mikrob an de Kierper era kënnt, erkennt den Immunsystem d'Antigenen an äntwert dorobber: Bestëmmten Zelle vum Immunsystem produzéieren Antikierper - Moleküllen, deenen hier Struktur exakt zu den Antigene passt an déi sech un d'Antigenen drun hänken.

D'Antikierper sinn eppes wéi molekular Signalfändelen. Si markéieren d'Viren oder Bakterien, fir vum Immunsystem zerstéiert ze ginn. Fir all Mikrob produzéiert de Kierper speziell Antikierper, déi genau zu den Antigene vum Mikrob passen.

Impfstoffer imitéiere Viren a Bakterien a präsentéieren dem Immunsystem déi spezifesch Antigene vun engem Mikrob. Sou gëtt den Immunsystem kënschtlech animéiert Antikierper ze produzéieren. Duerno ass de Kierper virbereet: Wann e sech mat der echter Bakterie oder dem echte Virus infizéiert, kennt en d'Antigener schonn. En aktivéiert d'Immunzellen, déi di passend Antikierper produzéieren - an zerstéiert d'Mikroben, éier des eng Krankheet ausléise kënnen.

Et gëtt ëmmer nach keng Impfung géint HIV, deen AIDS verursaacht. Awer a Länner mat gudder medezinescher Versuergung kënnen Infizéierter gesond weider liewen. Modern Anti-HIV-Medikamenter verhënneren, datt de Virus sech am Kierper reproduzéiert an datt et zum Ausbroch vun der Immunschwächt AIDS kënnt. 

Den HI-Virus befält am Kierper nämlech bestëmmten Zelltype vum Immunsystem, déi sougenannten T-Helferzellen. Dës Zelle gi vum HI-Virus gekapert an dee mëssbraucht se da fir sech ze reproduzéieren. An da stierwen d'Zellen. Dat schwächt den Immunsystem, bis et zum Ausbroch vun AIDS kënnt. Anti-HIV-Medikamenter verhënneren dat.

Et ginn den Ament eng zwanzeg Medikamenter géint HIV. Si wierken op ënnerschiddlech Aart a Weis. Mee si verhënneren alleguerten, datt den HI-Virus sech am Kierper vun infizéierte Leit reproduzéiert. Verschidde Medikamenter blockéieren d'Entrée, déi d'HI-Vire benotzen, fir an d'Helferzellen eranzekommen. Anerer stéieren d'Ofliese vun de virale Genen an der Helferzell. Erëm anerer verhënneren, datt sech frësch produzéiert Bestanddeeler vum HI-Virus zu engem neie Virus zesummesetze kënnen.

Am Kampf géint HIV setzen Dokteren an der Reegel eng Kombinatioun vu Medikamenter an, déi ënnerschiddlech wierken. Sou gi si op Nummer sécher: entgeet e Virus engem Medikament, gëtt e vum nächsten opgehalen. Déi richteg Kombinatiounstherapie erméiglecht et, d'Zuel vun den HI-Viren am Blutt staark ze reduzéieren - sou wäit, datt si schliisslech am Blutt net méi nozeweise sinn.

Allerdéngs verstoppe sech ëmmer e puer Viren am Kierper. Hëlt e Patient d'Medikamenter op eemol net méi an, ginn déi verstoppten HI-Vire waakreg a reproduzéiere sech erëm. D'Unzuel vun den HI-Viren am Blutt klëmmt dann erëm an AIDS kann ausbriechen. Dofir mussen HIV-Infizéierter d'Medikamenter hir Liewe laang anhuelen.

Auteuren: scienceRELATIONS/Hannes Schlender, Michèle Weber (FNR)
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR