(c) Sergey Nivens

Oh freck! Wéi laang ass déi DNA dann nëmmen?

Ma all eenzel Zell vum Mënsch enthält ongeféier 2 Meter DNA a mir bestinn aus 100 Billiounen Zellen!  Am Ganzen hu mer also 150 Milliarde Kilometer DNA, an domat kéint een 1000 mol d’Distanz vun der Äerd op d’Sonn zeréckleeën!

Dat ass jo enorm vill DNA! Wou stécht déi dann nëmmen?

All Zell enthält genee déi selwecht DNA, ausser d’roud Bluttkierpercher, déi hunn iwwerhaapt keng! Mee d’DNA besteet aus ganz klenge Bausteng déi uneneen hänken, an esou eng ganz Rei laang Fiedem bilden. An all Fuedem ass ganz komplizéiert a präzis an e Chromosom zesummegerullt, fir dass en esou mann wéi méiglech Plaatz ewech hëlt, an d’Zell trotzdem Accès un déi eenzel Genen huet, déi op der DNA sinn!

Eise Kierper ass zwar schonn impressionnant! Dass do keng Kniet drakommen ... !?

 

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto ©Sergey Nivens

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1 mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     
A just zum Spaass nach e puer Zuelen:

Eis DNA besteet aus 3 Milliarde Bausteng, déi am Duerchschnëtt 0,34 Nanometer   (0,000 000 34 mm) ausernee sinn. D’DNA ass also 1 Meter laang. All Zell huet awer 2 Kopien DNA (eng vun der Mamm verierft an eng vum Papp). All Zell huet also 2 Meter DNA!

Eise Kieper besteet aus  100 Billiounen Zellen (100 000 000 000 000 Zellen). Dovu sinn ee véirels roud Bluttkierpercher ouni DNA. Eis gesamt DNA ass also op 75 Billiounen Zellen opgedeelt.

75 Billiounen Zellen hunn 2 Meter DNA: dat sinn 150 Milliarde Kilometer DNA!

Vun der Äerd bis op d’Sonn sinn et 150 Millioune Kilometer: et kann een déi Distanz 1000 mol mat der DNA zeréckleeën!

Aussi dans cette rubrique

Verkéiersfuerschung Hëllefen automatiséiert Autoe Phantomstauen z’evitéieren?

En Auto bremst kuerz, a méi wäit hanne steet op eemol alles. Fuerassistenzsystemer an automatiséiert oder autonom Autoe kënnen esou Phantomstauen ofschwächen. Entscheedend ass, wéi se reagéieren.

FNR
Killwaasser Benotzen oder verbrauche Rechenzentre Waasser?

Fir net ze iwwerhëtzen, brauche Rechenzentre Waasser. Wat passéiert eigentlech domat? Dat hänkt virun allem vun der Killtechnik an dem Stroummix, deen agesat gëtt, of.

FNR
E-Zigaretten Vapen oder Fëmmen: Wat ass méi schiedlech?

Vapes respektiv E-Zigarette si längst am Alldag ukomm. Mee wéi vill wësse mir eigentlech iwwer dat, wat mir do anootmen?

FNR