Mikro-Dronen

© electronics_360

Si mer gläich iwwerall vu fléiende Kameraen ëmginn?

An éischter Linn ass et Fuerscher-Éiergäiz. Mee wa se kleng genuch sinn, ginn et vill Uwendungen. Et kéint ee mat hinnen an agestierzte Gebaier no Äerdbiewenopfer sichen. Oder et kéint een se zu Spionage-Zwecker asetzen, andeems een se zum Beispill duerch Loftréier an e Raum fléie léisst…

A geet dat schonns?

Nach net. D’Prototyppe kënne bis elo nëmmen e puer Minutten an der Loft bléiwen oder ginn nach iwwert e Kabel mat Stroum versuergt. Mat der haiteger Technik kommen d’Fuerscher beim Problem vun der Stroumversuergung fir d’éischt net richteg weider. Dofir setzen se elo op richteg Insekten. Déi hunn den Energie-Problem säit Millioune vu Jore geléist a kënnen ëmmer optanken, an dem se iessen. D’Fuerscher versichen, se fernzesteieren.

Wéi soll dat goen?

D‘Fuerscher pechen den Insekten eng Minikamera an en ganz klenge Funkchip un. Vun dem ginn dënn Dréit fort, déi d’Fluchmuskulatur stimuléieren. Dat bréngt allerdéngs de perfekte Flilleksschlag vun den Insekten duercherneen. Dofir versichen se elo, d’Nervenzellen an den Insekten unzesteieren, déi d’Beweegungsoofleef ausléisen. Et kann een sech dat sou virstellen, dass bestëmmten Nervenzellen de Kommando fir méi séier Fléie ginn, anerer dee fir Rietskéieren, an erëm anerer dee fir op der Platz ze schwiewen an sou weider. Dës Nervenzelle muss een allerdéngs genee treffen, dat ass souguer mat rengen Dréit net méi méiglech.

Wéi gi se da vir?

Se schaffe mat Libellen, déi se genetesch veränneren. Doduerch gi gezielt d’Nervenzellen, déi ugereegt sollen ginn, liichtempfindlech gemaach. Et stéiert een d’Libellen da mat Liichtimpulser iwwer Glasfaser.

Verréckt. Déi ganz Elektronik brauch awer och en Koup Energie?

Déi wëllen d’Fuerscher op zwou Aart a Weise hirstellen: eemol mat butzege Solarzellen op dem Réck vun de Libellen oder andeems se versichen Energie aus hire Beweegungen ze gewannen. Dat geet mat opgepechte Piezomaterialien, déi Stroum produzéieren, wa se verformt ginn. Wann se mol bis zouverlässeg funktionéieren, kann een dës Technik dann iwwregens och fir ganz aner Zwecker asetzen, zum Beispill fir Hörapparater oder Häerzschrëttmaacher zu bauen, déi keng Batterië méi brauchen.

Un dës Verbindung hätt ech elo net direkt geduecht!

Dofir bléift Fuerschung ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Foto: electronics_360

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Rotoren oder Flilleken?

Bei normalen Drone suergen an der Reegel séier dréinend Rotore fir den Opdrift. Wann ee Mikro-Drone baue wëll, kann een awer net einfach d’Rotoren ëmmer méi kleng maachen. Wëll béi der Gréisst vun Insekte gëllen aner aerodynamesch Gesetzer. Et kann een sech sou virstellen, wéi wann d‘Loft sech da wéi ueleg Flëssegkeet verhält. Insekte fléien also net wéi Fligeren oder Helikopteren, mee „schwammen“ duerch d’Loft. An dat geet besser mat Flilleken. En weidere wichtege Virdeel vu Flilleken: mat hinne kann ee vill besser op Wandstéiss an Turbulenze reagéieren. Dofir ënnersiche Fuerscher den Insektefluch bis an de klengsten Detail, vir vun hirem Flilleksschlag ze léieren.

Dronen-Visiounen

Mikro-Drone reege scho säit längerem d’Fantasie vu Science-Fiction-Auteuren un. Schonn 1916 beschreift den US-amerikaneschen Auteur Raymond Gullen an enger Kuerzgeschicht eng Insekten-ähnlech Mini-Dron. Se war mat Mini-Mikro a -Kamera ausgerëscht a konnt hier Signaler no bausse funken. Aner Auteuren hu sech Schwärm vu Mikro-Dronen ausgeduecht, déi permanent em Persoune ronderëm fléien an se filmen oder no bestëmmten Zilpersounen a Mënschemasse sichen. Als Géigemoossnam hu sech d’Auteuren ënner anerem op Mikro-Dronen ofgeriichte Vigel oder einfach Moskitonetzer ausgeduecht…

Ferngesteiert Déieren

Fuerscher versichen net nëmmen Insekte fernzesteieren, mee och aner Déieren, wéi Dauwen, Katzen oder Haien. En US-amerikanesche Fuerscher konnt Raten erfollegräich fernsteieren, an deem Elektroden Nervenzelle stimuléiert ginn, déi och erreegt ginn, wann d’Taaschthoer un der Schnëss vun de Rate beréiert ginn. Wann d’Raten dann hire Kapp op d’Säit vun dem vermeintlech beréiertem Taaschthoer dréinen, gëtt mat enger anerer Elektrod hire Loschtzentrum stimuléiert. Sou beweegt se sech dann an déi gewënschte Richtung fort. An Fuerscher aus Süd-Korea konnte viru kuerzem mat enger ähnlecher Prozedur eng Maus duerch en Labyrinth fernsteieren. Se huet sech net mol vun enger paarungsbereeter Mausdamm an enger Schielche mat Fudder vun hirem Wee ofbrénge gelooss!

Aussi dans cette rubrique

Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR
Mondhygiène Firwat kritt ee Mondgeroch?

Moies virum Zännwäschen oder no enger gudder Ënnenzopp kee Kuss. Mondgeroch, oder Halitosis, ka bei ville Leit virkommen, mee wéi kënnt et dann iwwerhaapt dozou, dass een aus dem Mond ka sténken?

FNR