Kind mit Geige

shotshop.com

Wien en Talent huet an et entfaalt, kritt eng exzeptionell Kompetenz an Expertise.

Ob Talenter ongläich verdeelt sinn, weess ee guer net esou genee – vill Talenter bleiwen nämlech onentdeckt. Fuerscher ginn haut dovun aus, datt d’Talent fir bestëmmte Fäegkeete schonn an de Gene leien. Mee Genen eleng ginn net duer. Een Talent muss erkannt a gefuerdert ginn.

Also war de Mozart keen Naturtalent?

Dach, bestëmmt souguer. Mee säi besonnescht Talent ass fréi erkannt a gefuerdert ginn. Hie huet als Kand schonn enorm vill missen üben. Elteren a Schoule spillen also eng ganz wichteg Roll. An natierlech d’Motivatioun – Übe mécht jo net ëmmer Spaass.

Wéi laang muss een dann üben, fir säin Talent ze entfalen?

Als Fauschtreegel nenne Psychologen haut mindestens 10.000 Trainingsstonnen. Dat sinn zéng Joer laang all Dag mindestens dräi Stonnen üben! Eng Studie ënner Museksstudenten huet gewisen, datt sech Spëtzegéigner nëmmen an engem eenzege Punkt vu mëttelméissege Géigner ënnerscheeden. Si hu vill méi geüübt, an zwar vu Kandheet un.

Aha, wéi een am däitsche seet: Ohne Fleiss keinen Preis.

Genee. E Gebidd dat sech „Kognitiounsfuerschung“ nennt, kann dat och gutt erklären: Egal ob beim Schachspill, am Sport oder der Musek: Nëmme wien ganz vill trainéiert, packt et, komplex Entscheedungen ze treffen, ouni nozedenken oder komplizéiert Beweegungen an Handlunge quasi automatesch auszeféieren. Dës Routine kreéiert dann de geeschtege Fräiraum, däitlech méi ze leeschten, wéi normal Mënschen.

A wéi erkennen ech, ob ech oder meng Kanner een Talent hunn?

Probéier vill Aktivitéiten aus, da mierks Du, wat Dir oder Dengem Kand liicht fält a Freed mécht. Villäicht stécht jo och an Dir ee klenge Mozart.

Wien en Talent huet an et entfaalt, kritt eng exzeptionell Kompetenz an Expertise. Experten erfaassen op ee Bléck vill Detailer, si kënne komplex Situatiounen direkt beuerteelen a komplex Handlungen automatesch ausféieren. Do duerch bleift Gehir-Kapassitéit fräi, fir weider Problemer ze léisen. Een erfuerene Kach preparéiert zum Beispill ee Fësch ganz automatesch a behält den Iwwerbléck iwwer déi aner Aufgaben, wärend een Amateur sech sou do drop konzentréiere muss, d’Gal net ze beschiedegen, datt him d’Geméis verkacht. Feelend Talent léisst sech bis zu engem gewëssene Grad duerch méi Ustrengung ausgläichen. Ouni Ustrengung allerdéngs ka sech och en existent Talent net entfalen.

Auteur: scienceRELATIONs
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Aussi dans cette rubrique

Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR
Technik am Alldag Kann een op enger Induktiounskachplack en Handy oplueden?

Induktiounskachplack a Chargeuren ouni Kabel iwwerdroen alle béid Energie. Trotzdeem kann een op der Kachplack kee Smartphone oplueden. Well hir Technik ënnerscheet sech grondsätzlech.

FNR
sperm and egg cell
Reproduktiounsbiologie Gewënnt bei der Befruchtung wierklech de séierste Spermium?

Vill Leit stelle sech d'Befruchtung vun der Eezell wéi eng Course vir: Dee séierste Spermium gewënnt. Mee eigentlech ass et en Hindernisparcours, bei deem de weibleche Kierper d'Reegele mat bestëmmt....

FNR