Adobe Stock

Du muss dech net schummen an och keng Angscht virun dëse Scanneren hunn: Déi éischt Kierperscanneren hunn nach anatomesch Detailer vum Kierper gewisen. Esou ass den Term „Nacktscanner“ opkomm. Déi haiteg Apparater weisen dech dem Sécherheetspersonal net plakeg, mee just e schemateschen Ëmrëss vun dengem Kierper. Dat gesäit aus ewéi en Ampelmännchen. Et kann ee keng anatomesch Detailer dorop erkennen, just Friemkierper ewéi Waffen oder Sprengstoffer. Dowéinst ass de richtegen Term och Kierperscanner.

Fir geféierlech Géigestänn ze entdecken, schaffen aktiv Kierperscanneren um Fluchhafe mat Millimeterstralung, oder méi genee: Terahertz-Stralung. Dat ass laangwelleg an energieaarm elektromagnéitesch Stralung. Den aktive Kierperscanner sent e ganz kuerzen Abléck dës Stralung aus. Däi Kierper enthält vill Waasser, dat d’Millimeterstralung reflektéiert. Detektere registréieren d’Reflexioun an erkennen, wann s du z. B. eng Pistoul ënnert dengem Pullover hues. Am Géigesaz zu Metalldetektere kënnen si awer och net-metallesch Géigestänn ewéi Sprengstoff weisen a gëllen dowéinst als méi sécher.

Dat héiert sech ewéi eng Rëntge beim Dokter un.

Nee, de Prinzip änelt éischter enger Wärmebildkamera: Déi laangwelleg Terahertz- oder Millimeterstralung geet zwar duerch deng Kleeder, gëtt awer vun der Haut deelweis reflektéiert. Am Géigesaz zu enger Rëntgen dréngt se bal net an de Kierper an a schiedegt d’Kierperzellen net. Friem Géigestänn um Kierper reflektéieren d’Millimeterstralung net esou gutt ewéi d’Haut a ginn dowéinst fir d’Sécherheetspersonal op dem Ecran als Schied siichtbar.

An dat ass wierklech mat kengem Risiko verbonnen?

No dem aktuelle Stand vun der Wëssenschaft si Kierperscanneren, déi mat Terahertz-Stralung schaffen, fir de Mënsch ongeféierlech. D’Sendeleeschtung vun de Kierperscanneren ass e Brochdeel vun der Sendeleeschtung vun Handyen an – ewéi gesot – si dréngt kaum an de Kierper an.

Et ginn esouguer passiv Kierperscanneren. Si registréieren d’Wärmestralung vun dengem Kierper. Däi Kierper gëtt an deem Fall beim Sécherheetscheck also iwwerhaapt net bestraalt – am Géigesaz zu engem Transatlantikfluch, bei deem s du op jiddwer Fall zousätzlech kosmesch Stralung ophëls.

An de Walk-Through-Scanner hunn Ingenieuren och schonn entwéckelt. Bei deem brauchs du mol net méi stoen ze bleiwen, fir duerchsicht ze ginn. Bestëmmt sinn esou Apparater och geschwë prett, fir op Fluchhäfen am grousse Stil agesat ze ginn. Et bleift also spannend an der Fuerschung.

Wéi geféierlech si Kierperscannere fir Leit mat engem Herzschrittmacher?

 

Wien en Herzschrittmacher huet, weess, dass e bei ze staarker elektromagnéitescher a magnéitescher Stralung oppasse muss. Kierperscannere mat hirer Terahertz-Technik senden elektromagnéitesch Stralung aus. Mee se si fir Leit mat engem Herzschrittmacher ongeféierlech, wéi Medezinner am Däitschen Zenter fir Häerz-Kreeslaf-Fuerschung zu München erausfonnt hunn. Heifir hu se 300 Apparater am Labo getest. Wéi um Fluchhafen hu se Leit mat Herzschrittmacher an anere sensibelen Implantater mat engem kuerze Bols Terahertz-Stralung bestraalt. Wärenddeem gouf en Elektrokardiogramm opgezeechent – also d’Häerzaktivitéit gemooss. D’Resultat: Kierperscanneren hu keen Afloss op d’Funktioun vun der Technik am Häerz – besonnesch Sécherheetsmesurë sinn net noutwendeg.

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR