shotshop.com
Ganz am Eescht: Dat ass eng Fro, déi sech verschidde Wëssenschaftler fir bestëmmte Méckenaarte stellen, déi déidlech Erreeger wéi zum Beispill dee vun der Malaria iwwerdroen. All Joer stierwen Honnertdausende Leit un dëser Krankheet. D'Fuerscher schloe vir, Mustiken am Labo ze ziichten a fräi ze setzen, déi si mat spezielle Genen equipéiert hunn. Dës Gene kënnen sech iwwer eng Rei Generatiounen an der ganzer Méckenaart verbreeden a féieren dozou, datt schlussendlech d'Weibercher onfruchtbar ginn. Déi Aart géif also ausstierwen. Am Labo funktionéiert dat schonn. Awer ob dat och an der fräier Natur sou gutt klappt oder onerwaarte Suite kéint hunn, ass nach net kloer.
Wat kéint da passéieren?
Mir wëssen am Allgemenge wéineg iwwert d'Roll vu Mécken am Ökosystem. Awer si picken net just, fir Blutt ze saugen, mee si spillen eng bis elo ënnerschätzte Roll beim Bestëbse vu Bléien. Ausserdeem si Méckelarven eng wichteg Nahrungsquell fir vill Fësch an Amphibien, a fir Fliedermais. A Fliedermais, fir nëmmen ee Beispill erauszepicken, sinn erëm wichteg fir d'Bestëbse vu bestëmmte Planzen oder fir deenen hire Som ze verbreeden. Des Wiesselbezéiungen tëscht Déieren a Planze sinn immens komplex an a ville Fäll eréischt wéineg erfuerscht. Dofir kann ee kaum viraussoen, wat geschéie géif, wann een eng Aart einfach eliminéiert. Sou kéinten aner Méckenaarten oder Insekten d'Plaz vun der exstirpéierter Mustiken-Aart anhuelen. An dës kéint eventuell nei, nach ganz onbekannte Krankheetserreeger verbreeden - oder och net. Mir wëssen et virdrun net.
A wéi gesäit et mat Harespelen aus? Géife mer si vermëssen, wann et se net méi géif ginn?
Déi erstaunlech Äntwert ass: jo! Natierlech komme si eis meeschtens nëmme lästeg vir. Mee Harespele schneeken net nëmmen Nektar a bestëbsen esou Bléien, si joen och Mécken an aner Insekten, déi zum Beispill erëm Notzplanze befalen. Domat hëllefen si der Landwirtschaft. An ouni Harespelen hätten den Harespelsfrësser oder de Beiefrësser - e Vugel mat schéine faarwege Fiederen - hir Haaptnahrungsquell verluer. Souguer am Mo vun Dachsen hu Fuerscher grouss Quantitéiten Harespele fonnt. A wa mer vun Harespele schwätze, menge mer meeschtens just déi wéineg Aarten, déi vu Quetschentaart an Ham ugelackelt ginn. Insgesamt gëtt et awer méi wéi 10.000 verschidden Harespelsaarten. Dës Zuel deit un, wéi vill mir nach erfuersche mussen, éier mer d'Wiesselwierkungen an der Natur méi wéi nëmmen e bësse verstinn. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!
Auteur: scienceRELATIONS/Ingo Knopf
Editeur an Iwwersetzer : Michèle Weber (FNR)
Infobox
- Gene Drives on the Horizon: Advancing Science, Navigating Uncertainty, and Aligning Research with Public Values
National Academy of Sciences, USA, 2016
https://www.nationalacademies.org/our-work/gene-drive-research-in-non-human-organisms-recommendations-for-responsible-conduct - A CRISPR–Cas9 gene drive targeting doublesex causes complete population suppression in caged Anopheles gambiae mosquitoes
Kyrou, Kyros et al.: nature biotechnology 2018
https://www.nature.com/articles/nbt.4245 - Indirect Effects of Invasive Species Removal Devastate World Heritage Island
Bergstrom, Dana et al.: Journal of Applied Ecology 2009
https://www.jstor.org/stable/27695922?seq=1
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science