© RTL

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Paprika ass dat Geméis mam meeschte Vitamin C! Nee, streng geholl hu Planze wéi Spackelter a Sanddorn nach méi dovun, mee dës ginn net an deene selwechte Quantitéite consomméiert. D’Mr Science Experiment gouf dofir matt Paprika duerchgefouert well dëse sech einfach am réien, wéi am zoubereeten Zoustand manipuléiere léisst. Säi Vitamin C Gehalt läit ëm 140 mg pro 100g Fruucht.

Folgend Vitaminkillermethode goufe getest:

  • Am Waasser kachen (15 min)
  • E Smoothie mixen an eng Stonn stoe loossen.
  • Frittéiere bei 180 °C (5 min)
  • Dampfgarer (10 min)
  • Mikrowell (2 min)
  • Afréieren an entdeeën (iwwer 3 Deeg)

All Experiment gouf e puer Mol duerchgefouert an d’Resultater jeeweils matt frëschem Paprika verglach. Mir wëllen allerdéngs drop hiweisen datt dëst keng wëssenschaftlech Studie war. Verschidde wëssenschaftlech Studien zum Thema[1] kommen awer zu ähnleche Conclusiounen.

Resultater:

Kachend Waasser léist Vitamin C eraus an ass doduerch eise Vitaminkiller N°1.

Eng Zopp ass awer kee Problem well een do d’Kachwaasser mattësst.

E Smoothie muss ee frësch drénken well hei d’Vitaminne sech séier zersetzen.

Folgenden Tableau wéist wéi vill Prozent vum Vitamin C bei eise Versich futti gaange ass.

Bei de Kachzäiten hu mir probéiert, Zäiten anzehalen, déi och an der Kichen üblech ginn. Dëst erklärt dat gutt Resultat vun der Mikrowell par Rapport zum Dampfgarer.

Am Dampfgarer ginn, bedéngt duerch déi méi laang Garzäit, méi Vitamin C wéi an der Mikrowell zerstéiert.

Mir roden awer vun der Preparatioun vu réiem Paprika oder Brokkoli an der Mikrowell of, well et hei zu lokale verbrannte Platze komme kann duerch elektresch Entluedungen. Mikrowellegeräter si besser gëeegent fir gekachten Iesswueren opzewiermen.

Dës Resultater gëllen net fir all déi aner Vitaminnen.

Vitaminne si chemesch gesi ganz ënnerschiddlech Verbindungen déi aner Verfallseegeschaften hunn. D’Feinde vun de Vitaminne sinn awer all déi selwecht: Léisungsmëttel, Sauerstoff, Hëtzt, Zäit an UV-Luucht.

Selwer Experimentéieren

Et ass relativ einfach dëst Experiment selwer nozemaachen. Wëlls du selwer nach aner Methoden testen, da klick hei fir eng Versuchsbeschreiwung.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktion: RTL

 


[1] Effect of cooking on the antioxidant properties of coloured peppers Ai Mey Chuaha, Ya-Chi Leeb, Tomoko Yamaguchic, Hitoshi Takamurac, Li-Jun Yine, Teruyoshi Matobac

 

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin

Aussi intéréssant

Nobelpreise 2026 Nobelpreis Chemie 2026: Antworten auf ein Jahrhundert altes chemisches Rätsel

Zwei Chemiker erhielten heute den Nobelpreis für Reaktionen, die wichtig sind u.a. für die Herstellung von Medikamenten ...

Wanter-Experiment Bau e Schnéimännchen ouni Schnéi – a looss e schmëlzen

Bakpolver, Salz, e bëssi Spüli, Waasser, Deko, Esseg – a lass! En einfacht Experiment fir d’Chrëschtvakanz fir virwëtzeg...

FNR
Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR

Aussi dans cette rubrique

E-Zigaretten Vapen oder Fëmmen: Wat ass méi schiedlech?

Vapes respektiv E-Zigarette si längst am Alldag ukomm. Mee wéi vill wësse mir eigentlech iwwer dat, wat mir do anootmen?

FNR
Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR