Zeitumstellung

shotshop.com

Dat ass sou eng Fro iwwert déi een herrlech streide kann! D’Iddi ass verlockend: Well am Summer d’Sonn méi fréi opgeet, soll een dann d’Auere virstellen. Dee Moment passen de Sonnestand an d’Auerzäit besser zesummen, zumindest Moies. Owes ass et dann awer méi laang hell wéi am Wanter. D’Summerzäit gouf allerdéngs net agefouert fir laang Grillowenter am Summer ze erméiglechen, mee fir Energie ze spueren. Virun allem Owes sollt de Stroumverbrauch fir d’Beliichtung reduzéiert ginn.

A spuert d’Summerzäit da lo wierklech Stroum?

No iwwer engem Joerhonnert ass de Bilan zimlech moer. A ville Länner gouf mat der Summerzäit experimentéiert, awer an der Moyenne goufen a wëssenschaftleche Studien eng Aspuerung vu nëmmen 0,2 Prozent vum Stroumverbrauch festgestallt. Bei dem Gesamtenergieverbrauch, zu deem och de Pëtrol fir de Verkéier dozou zielt, kënnt een am Endeffekt just op eng Erspuernis vun ongeféier 0,03 Prozent.

Do lount sech den Opwand vun der Zäitëmstellung awer kaum?

Nujee, mëttlerweil leeft d’Ëmstellung ouni Schwieregkeeten. Souguer d’Mëllechbaueren hunn e Wee fonnt mat der Ëmstellung ze liewen: Si stellen d’Auerzäit fir ze sträichen iwwer Woche lues a lues ëm. A sou kënnen sech d’Mëllechkéi da lues un den neien Daagesrythmus gewinnen.

Et ginn awer vill Leit déi hir Problemer mat der Ëmstellung hunn!

Jo a munche Fäll kann et e puer Wochen dauere bis de Schlof-Wakereg- Rhythmus sech un déi nei Auerzäit gewinnt huet. Punkto gesondheetlech Folge konnte Studië bis elo näischt Eendeiteges soen, wat fir oder géint eng Zäitëmstellung schwätzt. Well awer vill Bierger sech nach ëmmer net mat der Situatioun offonnt hunn, huet d’EU-Parlament beschloss, fir dës Zäitëmstellung ofzeschafen. An enger Europawäiter Consultatioun, an där allerdéngs nëmmen 1 % vun alle Bierger deelgeholl hunn, huet sech eng knapp Majoritéit fir eng permanent Summerzäit ausgeschwat.

A wier dat eng sënnvoll Reglementatioun?

Der Meenung vun de Chronobiologen no, also deene Wëssenschaftler, déi eise biologeschen Daagesrythmus ënnersichen, wär dat déi schlechtste Léisung! Da géif et nämlech am Wanter eng Stonn méi spéit hell ginn, an am Dezember géif dann d’Sonn eréischt um hallwer Zéng opgoen. Dee Moment hätte mer nach méi grouss Schwieregkeete fir moies wakereg ze ginn. Vill Experten plädéieren dofir éischter fir d’Aarbechtszäiten der Saison unzepassen anstatt dauernd un der Auer ze dréien.

Dee Moment missten d’Auswierkung heivunner dann och nach erfuerscht ginn.

Genee, et d’Fuerschung bleift egal wéi spannend. 

Ass d’Zäitëmstellung gesondheetsschiedlech?

Et ass kloer datt d'Zäitëmstellung an deen Deeg duerno eise Schlof-Waakreg-Rhythmus duerchernee bréngt. Woubäi den Effet bei der Ëmstellung am Fréijoer méi staark ass, wéi am Hierscht. Verschidde Leit brauche souguer e puer Wochen, fir sech un déi nei Auerzäit ze gewinnen. D'Schwieregkeete bei der Ëmstellung kënne virun allem zu Schlofstéierunge féieren. Wat méi schlëmm Effekter fir d'Gesondheet betrëfft, do hu sech d'Fuerscher ënner anerem den Herzinfarktrisiko ugekuckt. Mee si hu keng eendeiteg Indicen op e méi héijen Häerzinfarktrisiko fonnt. Obwuel eise Kierper d'Zäitëmstellung der aktueller Studiëlag no insgesamt ouni gravéierend Folgen ze verkraafte schéngt, plädéieren d'Chronobiologen trotzdeem derfir, d'Zäitëmstellung ofzeschafen. Hiert Argument: firwat solle mir zweemol am Joer eis biologesch Auer onnéideg aus dem Takt bréngen?

Falls sech d'Politik sech dofir net decidéiere kann, recommandéieren si, et bei der Zäitëmstellung zweemol am Joer ze loossen. Vun enger dauerhafter Summerzäit roden si allerdéngs dringend of, well mir dann am Wanter moies kaum Liicht kréichen an eis biologesch Auer doduerch ze staark aus dem Takt bruecht géift.

Zënter wéini gëtt et d'Summerzäit?

D'Zäitëmstellung op d'Summerzäit gouf fir d'éischt an Däitschland ausprobéiert, an zwar am éischte Weltkrich. Nom Krich gouf se awer erëm ofgeschaaft.

Zënterhier gouf se a ville Länner ëmmer mol erëm agefouert an erëm ofgeschaaft.

Oft ware Krichs- oder Krisenzäiten den Ausléiser, d'Auer am Summer ëmzestellen, well ee gehofft huet doduerch Energie ze spueren. Sou huet Däitschland z.B. 1940 d'Summerzäit erëm agefouert. Och a villen anere Länner huet d'Summerzäit an der Zäit ronderëm den zweete Weltkrich gegollt. Duerno hunn déi meescht se erëm ofgeschaaft. No der Uelegkris 1973 krut d'Iddi vun der Zäitëmstellung erëm neie Wand. Frankräich huet se z.B. 1976 agefouert. Wou dunn 1998 an der ganzer europäescher Union eng eenheetlech Summerzäit agefouert gouf, war dat e Fortschrëtt. Well do virdrun hat all Land seng eegen national Reglementatioun fir d'Auerzäit, wat virun allem fir de Verkéier an Transport iwwert d'Grenzen en zousätzlechen Opwand war. Wéi et an der EU an Zukunft weider geet ass den Ament nach net definitiv decidéiert. No der EU-wäiter Online-Consultatioun an dem Vote am EU-Parlament schéngt et awer op eng Ofschafung vun der Zäitëmstellung erauszelafen. Ob dann eng dauerhaft Wanter- oder Summerzäit festgeluecht gëtt, ass haut nach net kloer.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Iwwersetzung an Editioun: Joseph Rodesch, Michèle Weber (FNR)