Eisbaden

shotshop.com

En neien Trend am Sport heescht „sech schudderen“!

En neien Trend am Sport heescht „sech schudderen“. Vill Athlete ginn nom Sport an eng äiskal Bidden oder Dusch, fir no der Ustrengung prophylaktesch engem Muskelkater entgéint ze wierken. Mee hëlleft dat wierklech, Mr Science? 

Wëssenschaftlech Studië confirméieren eng gewësse Wierksamkeet vun enger Äisbidden oder kaler Dusch. Deemno suergt sou eng Kryotherapie fir d'Regeneratioun vun der Muskulatur.

An anere Studien hunn d'Fuerscher erausfonnt, datt déi Method den Niveau vum Hormon Testosteron wéi och dee vu bestëmmten Enzymer an d'Luucht hieft, déi d'kierperlech Leeschtung eropsetzen.

Ausserdeem kann d'Bueden an der "Äistonn" anscheinend Ängschte reduzéieren a fir bessere Schlof suergen.

Allerdéngs ass den Effekt net bei jidderengem selwecht, well de Kierper vu verschiddene Leit an engem äiskale Milieu ënnerschiddlech séier ofkillt. Ausserdeem spillen d'Intensitéit, d'Dauer an d'Zort vun der kierperlecher Ustrengung eng Roll.

Sollt ech also vun elo un nom Sport an d'Äiswaasser sprangen?

Nee, op kee Fall! Bei Leit, déi gesondheetlech virbelaascht sinn, kann dësen Temperaturschock am schlëmmste Fall zu engem Häerzinfarkt féieren.

Et geet ee lues an d‘Aiswaasser eran an et muss een duerno d’Muskelen rëm mat speziellen Übungen opwiermen. Gutt ass och wann een dat och lues a lues trainéiert. An awer soll een nie mam besonneg empfindleche Kapp am Äiswaasser ënnertauchen.
Iwwregens: eng gutt Alternativ zu der Äisbidden ass och wiesselwaarm Duschen.

Hunn Äisbidden a kal Duschen dann nach aner Notzen?

Étuden hu gewisen, datt bei Leit, déi eng länger Streck a kalem Waasser geschwomme sinn, d'Zuel vun de Leukocyten - dat sinn déi wäiss Bluttkierpercher - am Kierper zougeholl huet. Dat bedeit, datt ee besser géint Entzündunge geschützt ass.

Am Wanter an d'Waasser

A ville Géigende mat engem kale Wanter ass Wanterschwammen en traditionelle Sport. Souguer de Johann Wolfgang von Goethe ass wärend senger Zäit zu Weimar dacks am Wanter schwamme gaangen an soll dofir souguer selwer d'Äis am zougefruerene Floss Ilm futti geklappt hunn.

An der Tëschenzäit wiisst d'Zuel vun de Veräiner a Gemeinschaften, deenen hir Membere reegelméisseg Wanterschwamme praktizéieren. Dës Leit hoffen duerch d'Beweegung an äisege Flëss oder Séier hier Immunsystem ofzehäerden an esou Erkältungen z'evitéieren.

Weltwäit ginn et e ganze Koup Kompetitiounen am Wanterschwammen - a säit 20 Joer souguer Weltmeeschterschaften. Souguer an der Antarktis gëtt geschwomm: an engem Lach, dat Mataarbechter vun der neiséilännescher Fuerschungsstatioun "Scott Base" all Joer fir déi längsten Nuecht vum Joer, den 21. Dezember, an d'éiweg Äis seeën.

Auteur: Ralf Butscher/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR