(c) Depositphotos/anchan_uk

Am Moment decidéiere vill Leit sech fir vegetaresch Ernährung, wéinst dem méiglechen Impakt vum Fleesch-Konsum op de Klima an ethesche Bedenken bei der Véihaltung. Mä et gëtt deemno wéi eng Méiglechkeet, de Fleesch-Genoss mam gudde Gewëssen an Aklang ze bréngen. Investorë grënnen zesumme mat Biowëssenschaftler Start up'en – fir d’Produktioun vu Gehacktes! Si wëllen d’Fleesch vun der Zukunft am Labo produzéieren.

Mr. Science, wéi realistesch ass dat?

Virun e puer Joer hätt een dat nach vir komplette Science-Fiction gehal. An de 70 Joren ass et zwar Fuerscher aus den USA gelongen, fir déi éischte Kéier Muskelzellen am Labo wuessen ze loossen, awer dat Verfahren ass ganz komplizéiert an deier. Deemools huet keen dru geduecht op dësem Wee en Hamburger ze produzéieren.

An haut ass dat anescht?

D’Wëssenschaft huet zënterhier extrem Fortschrëtter gemaach an 2009 hu Fuerscher aus Holland och déi éischt fleeschähnlech Stécker aus Muskelzelle presentéiert. Déi waren allerdéngs nëmmen e puer Millimeter grouss.

Dovu gëtt een net sat!

Jo, fir de richtegen Hamburger huet et nach bis 2013 gedauert. Et waren op en neits d’Hollänner, déi aus 20‘000 sou Stécker en Hamburger zesummegesat hunn. A si behaapten domadder d’Fleeschproduktioun an Zukunft ze revolutionéieren.

Dat si grouss Verspriechen, Mr. Science!

Dat erënnert e bëssen un en Hype aus den 80er Joren. Deemools goufe grouss Industrieanlage gebaut woura Mikroorganismen aus Offäll aus der Uellegproduktioun sollten Eewäiss gewannen. Dat war och als Fleeschersatz geduecht, fir den Ernährungsproblem vun der Welt ze léisen. D’Anlage goufen awer séier erëm verschrott. D’Angscht viru gesondheetsschiedleche Substanzen aus dem Ueleg waren einfach ze grouss.

Wéi gesond ass dat Labosfleesch dann haut?

Do ginn et nach muench Problemer ze léisen. Am Moment brauchen d’Fuerscher nach vill Liter gefiltert Blutt vun ongebuere Kaalwer, fir hier Muskelzellen ze fidderen. Bei enger Groussproduktioun misst een amplaz Wuesstemshormoner huelen. An dann nach Antibiotike fir d’Zelle géint Infektiounen a Bakterien ze verteidegen. Well anescht wéi bei engem liewegen Déier gëtt et jo keen Immunsystem, wat dës Aufgab soss iwwerhëlt. Do misst een also klären op d’Réckstänn vun dëse Substanze geféierlech kéinte sinn.

Wéini kéint et den éischte kënschtleche Bifdeck ginn?

Gutt Fro...  Am Moment kënnen d’Wëssenschaftler just Muskelzellen ziichten. Et feelen also nach Fettzellen, Bindegeweben a Bluttgefäässer fir e richteg gudde Bifdeck.

D’Konschtfleeschfuerscher hunn also nach sou muenches ze dinn, ier een eppes vun hinnen op de Grill leeë kann?

Jo, bis dohin ass nach vill spannend Fuerschung néideg!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Joseph Rodesch
Photo: Depositphotos/anchan_uk

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch in dieser Rubrik

Kierperhygiene Wierken Deoe wierklech géint Schweessgeroch?

Grad am Summer gräifen der vill ganz selbstverständlech zum Deo. Awer hëlleft dee wierklech? A brauch iwwerhaapt jiddereen en Deo?

FNR
Konflikter tëschent Generatiounen Gen Z vs. Babyboomer: Wien ass méi faul?

Iwwer d'Gen Z soe munch Leit, se wier méi faul ewéi eeler Generatiounen, z. B. d'Babyboomer. Wat stécht dohannert? Huet d'Wëssenschaft tatsächlech Beleeg dofir? Oder ginn hei nëmme Klischeeë bedéngt?

FNR
Stoffwiessel Firwat ass Kacka brong?

Iwwer dat, wat mir op der Toilette ausscheeden, schwätze mer net oft, obwuel et vill iwwer eis Gesondheet verréit. Firwat ass Stull eigentlech brong? A firwat ass Urin giel?

FNR