Adobe Stock

Ee risege Bësch als eenzegt Mëttel géint de Klimawandel unzeplanze géif héchstwarscheinlech net funktionéieren. Trotzdeem huet genee des Fro am Joer 2019 en heftege Sträit tëscht Wëssenschaftler ausgeléist. Deemools hate Schwäizer Fuerscher an der renomméierter Fachzäitschrëft „Science“ hier Berechnunge verëffentlecht, no deenen op der Äerd nach Platz fir knapp eng Milliard Hektar Bësch wier. Dat ass ongeféier sou grouss wéi d’ganz Fläch vun den USA.

Sou ee Bësch sollt dann am Stand sinn, ongeféier zwee Drëttel vum CO2 aus der Atmosphär ze huelen, dee mir Mënsche säit der Industrialiséierung do deponéiert hunn.

Dat kléngt jo fir d’éischt mol gutt. Mee lo kënnt bestëmmt de groussen Awer?

Genee. D’Kritik un der Studie koum tatsächlech vu verschiddene Säiten. Kritiséiert gouf zum Beispill, datt och Flächen an der Rechnung mat abezu goufen, wou haut aner Ekosystemer wéi natierlech Graslandschaften oder Moueren scho kräfteg Kuelestoff späicheren.

Aner Kritiker hu gemengt, datt déi berechent Fläch sou guer net zur Verfügung stéing well jo ëmmer méi Fläch fir Akerbau a Véizuucht gebräicht géif ginn.

Da gëtt et och nach d’Kritik, datt de Kuelestoff am Bam jo net fir éiweg festgebonnen ass. Fréier oder spéider entwutscht e groussen Deel dovunner erëm an d’Atmosphär – wa mir d’Holz verheizen oder wann et am Bësch verfault.

Ausserdeem kéinten sech riseg Bëscher negativ op de Klima auswierken. Well op deene Fläche manner Sonn reflektéiert géif ginn, wat souguer zur Erwiermung bäidroe kéint.

D’Schwäizer Fuerscher halen trotzdeem un hirer Iddi fest, datt de Bësch e wichtegen Dréi- an Aangelpunkt fir de Klima ass.

Also si Beem just ee Puzzeldeel a keen Allheelmëttel?

Méi schéin hätt ech dat och net soe kéinten. Well dat wat hëlleft, ass virun allem do erëm Beem unzeplanzen, wou se vun eis Mënschen am grousse Stil ëmgehae goufen. Dobäi muss ee bedenken: ee Bam kann an den éischten 20 Joer vu sengem Liewen duerchschnëttlech 10 kg CO2 pro Joer ophuelen. En ausgewuessene Bam bis zu 25kg. Mir brauchen awer guer net laang, fir sou vill CO2 ze produzéieren. Aktuell leien d’CO2-Emissioune fir Lëtzebuerg eleng duerchschnëttlech bei 13 Tonne pro Persoun pro Joer! E Bësch, deen haut geplanzt gëtt, hëlleft also net direkt. Dofir ass eng aner wichteg Moossnam, manner bestoend Bëscher ofzeholzen. Well Bëscher hëllefen net nëmmen dem Klima.  Si schützen och Biedem, reguléieren de Waasserhaushalt an erhalen Aartevillfalt.

Gläichzäiteg solle mir awer och déi aner Kuelestoffspäicher net vergiessen. Moueren zum Beispill sinn do immens effikass. Well si schléissen den CO2, deen a Moos gebonnen ass fir Dausende vu Joren am Torf ënnert der Uewerfläch an.

Op därselwechter Fläch läit d’CO2-Späichercapacitéit vun engem Mouer sechsmol méi héich wéi déi vun engem Bësch. Allerdéngs hu mir Mënschen hei och scho kräfteg agegraff. Mir hu Moueren dréche geluecht, fir Platz fir Wisen ze schafen a fir den Torf ze notzen. Nieft dem Uplanze vun neie Bëscher wier et wuel och hëllefräich, fir fréier Moueren erëm naass ze maachen.

Et gëtt esou vill Iddien, wéi sech de Klimawandel bremse léist. E puer weiderer fënns Du an der Infobox. An andauernd kommen neier derbäi. Dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.

Negativ Emissiounen

 

Wa mir duerch CO2-Ausstéiss de Planéit erwiermen, kéinte mir en dann net och duerch CO2-Entzuch ofkillen? Dat ass genee d’Iddi hannert den Negative-Emission-Technologien. Eng dovunner gëtt BECCS genannt. Dat steet fir Bioenergy in combination with Carbon Capture and Storage. Hei solle Planzen déi séier wuessen den CO2 aus der Loft huelen a bannen. Duerno soll déi Biomass agespaart gelagert ginn an esou de Kuelestoff aus dem Kreeslaf gezu ginn.

An eng änlech Richtung geet d’Iddi mat neie Bëscher op grousse Flächen. Hei gëtt Kuelestoff an Holz a Buedem fixéiert. De Buedem spillt och bei der acceleréierter Verwitterung eng wichteg Roll. Méi genee d’Gestengs. Well bestëmmte Mineraler huelen och Kuelendioxid op, wa se verwitteren a bannen et domadder fir eng laang Zäit.

Net d’Natur, mee de Mënsch well dogéint beim Direct Air Capture den CO2 aus der Loft huelen. Mat risege Maschinne filtert een en eraus, fir en dann an der chemescher Industrie als Réimaterial ze notzen oder déif ënnert der Äerd ze späicheren.

All Usaz huet seng Vir- an Nodeeler. A fir sech eleng wäert wuel keen d’Allheelmëttel sinn. Mee als eenzel Puzzeldeeler kënne se duerchaus dozou bäidroen, de Klimawandel ofzefiederen.

 

Wéi vill Beem fir e Flug vu Frankfurt op New York?

 

Hei e puer konkret Beispiller, fir ze weise wéi vill Beem pro Persoun néideg wären, fir eng bestëmmte Quantitéit Kuelendioxid ofzebauen:

  • Flug vu Frankfurt op New York: 5 Beem
  • Flug vu Berlin op Paräis: 1 Bam
  • 1 Joer laang Auto fueren: 4 Beem
  • 1 Woch Croisière: 4 Beem

(Quell: Schumacher-Schreiber K & Marian S. (2019) Wie viel wärmer ist 1 Grad? Was beim Klimawandel passiert. Beltz & Gelberg)

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editioun an Iwwersetzung: Michèle Weber /FNR

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/