children with books

shotshop.com

An der Mathe, Orthographie a Grammaire sinn d'Schüler an der Moyenne no der Summervakanz e bësse méi schlecht. US-amerikaneschen Etüden no entsprécht de Léierverloscht ongeféier engem Mount Unterrecht. An Amerika fuerderen dofir verschidde Wëssenschaftler, datt d'Summervakanz gekierzt gëtt. Do ass se awer mat ronn 3 Méint am internationale Verglach och besonnesch laang. Dofir kann een déi Resultater vun den US-Studien net einfach op eise Schoulsystem iwwerdroen.

An Europa gouf bis ewell leider nëmme ganz wéineg zu deem Thema gefuerscht. Bei enger éisträichescher Etüd konnt de Léierverloscht bei 9 Woche Summervakanz an der Mathe an an der Orthographie bestätegt ginn, mee bei 2 Etüden aus Däitschland koume bei 6 Woche Summervakanz widderspréchlech Resultater eraus. Interessanterweis hunn d'Fuerscher bei verschiddene Studien festgestallt, datt d'Lieskompetenz - also d'Fäegkeet Texter ze verstoen, iwwert de Summer souguer zougeholl huet! An dat souwuel an den USA wéi och an Europa.

Wéi kann een dat dann erklären?

D'Fuerscher huelen un, datt d'Kanner an der Vakanz méi Zäit fir ze liesen hunn, wärenddeem se Mathe, Grammaire an Orthographie ausserhalb vun der Schoul kaum trainéieren.

Sollt d'grouss Vakanz also gekierzt ginn?

Doriwwer kann e en nodenke, well déi laang Summervakanz nach aus enger Zäit staamt, an där vill Kanner bei der Recolte hu missten hëllefen. Mee dat wat d'Kanner am Summer vergiess hu kann awer vun der Schoul erëm gutt opgeholl ginn. D'Bildungsfuerscher maache sech aus engem anere Grond Suergen: si fäerten, datt virun allem Kanner aus Stéit, déi sech manner mat Educatioun ofginn a méi e schwaacht Akommes hunn, ënnert enger ze laanger Summervakanz kéinte leiden. Dëst Joer huet ausserdeem vlait de Corona-Lockdown vun Ufank des Jores nach en zousätzlechen Effet

Wann d'Schoul erëm ufänkt, kéint den Ecart méi grouss ginn tëscht hinnen a Schoulkomeroden, déi duerch méi intellektuell stimuléierend Vakanzenaktivitéite manner vergiess hunn. Eng ze laang Summervakanz kéint also Ongläichheeten nach verstäerken. Awer och fir des Hypothees liwweren den Ament haaptsächlech US-amerikanesch Etüden Argumenter. 

Et ass also nach weider Fuerschung néideg, fir d’Fro zur optimaler Längt vun der grousser Vakanz fir Lëtzebuerg ze beäntwerten?

Dat kann een an dësem Fall ganz kloer sou gesinn? Dofir bleift d’Fuerschung ëmmer spannend!

An zu Lëtzebuerg gouf elo dëst Joer och wéint der COVID-19 Krise jo fir d’éischt eng Summer School an eng Rei aner Mesuren an d’Wee geleed, fir Kanner d’Méiglechkeet ze gi, Kenntnisser vum leschte Joer ze festegen oder Matière déi vergiess oder versäumt gouf nozehuelen. Des Offer soll och an Zukunft bestoe bleiwen.

Auteur: scienceRELATIONS/Info Knopf
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Infobox