Pixabay
Hautdesdaags hu vill Leit ëmmer e Kompass dobäi. Si sinn a moderne Smartphonen agebaut. Domat kann een awer net nëmmen Himmelsrichtunge bestëmmen...
Wéi funktionéiert dann de Kompass am Telefon, ass do eng kleng Kompassnol agebaut?
Eng Magnéitnol, déi hin an hier dréint, wier immens schwiereg ze miniaturiséieren an zimlech ufälleg géint Stéierungen. D’Fuerscher hunn sech dofir en Trick ausgeduecht: Si hunn observéiert, dass elektresche Stroum eng Kompassnol ofstoussen oder unzéie kann.
Dëse Prinzip hunn se ëmgedréint a soumat Minisensore fir d’Magnéitfeld vun der Äerd gebaut: Si loossen dofir op butzegen elektronesche Baudeeler Stroum an eng Richtung fléissen a moossen dann, wéi d’Magnéitfeld vun der Äerd dëse Stroum beaflosst. Doraus berechent d’Elektronik, wou Norden ass.
A firwat brauch ech sou en Minikompass a mengem Handy?
Fir de Wee Heem ze fannen, brauche mer hautdesdaags kee Kompass méi, dat mécht de Smartphone iwwer GPS-Navigatioun, andeems e Signaler vu Satellitten empfänkt. GPS kann dem Handy awer net soen, op e grad vun dir a Richtung Norden, Süden oder wou och ëmmer gehale gëtt.
An wisou ass dat interessant wouhin ech den Handy halen?
Fir Apps zum Beispill, déi der soe wat fir en Menu du Jour de Restaurant ubitt, op dens de mat dengem Handy grad weis.
Naja...
Oder fir dech a Gebaier ze orientéieren. Déi kleng Magnéitsensore si nämlech sou empfindlech, dass se déi klengste Verännerung vum Magnéitfeld vun der Äerd moosse kennen. Dëst verännert sech op all Meter e bëssen. Wann een also eng Magnéitkaart vun engem grousse Gebai ofgespäichert huet, kann den Handy mir soen, ob ech an engem Gang no riets oder lenks ofbéie muss, fir den Ausgank ze fannen.
Kennen dës Magnéitsensoren dann nach aner Saachen?
En ganze Koup. Fuerscher kommen ëmmer rëm mat neien Iddie wat ee mat hinnen alles maache kéint. Wanns de zum Beispill e klenge magnéitesche Rang undees, da kéint den Handy duerch seng Magnéitsensoren ëmmer genee wëssen, wou deng Hand grad ass. Du kéints da mat Handbeweegung Telefonsnummeren an der Loft wielen oder SMSen schreiwen an sou weider.
Do hunn d'Fuerscher awer bestëmmt vill Spaass, wann se sou eppes entwéckelen.
Jo kloer. Den Driff fir ze Spillen huet d’Fuerschung schonns ëmmer weider bruecht ...
Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay
Infobox
All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.