© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Um Vëlo fueren ass e permanente Balanceakt, wou een entweder liicht no lénks oder no riets renkelt. De Vëlosfuerer mécht dës Beweegungen sou automatesch mat, datt hien et net mol méi mierkt. Beim Balancéieren hëlleft awer och d‘Geometrie vum Vëlo, well déi ass sou wäit perfektionéiert, datt e Vëlo, souguer ouni Persoun drop, eegestänneg an der Balance bleift, wann e genuch Schwong huet.

Och wa riicht aus fueren onméiglech schéngt, probéiert de Mr Science trotzdeem eng Method ze fanne fir iwwert ee riicht stolent Seel am Kloterpark ze kommen, ouni erof ze falen. Wéi dat ka goen an ob dat geléngt gesitt dir am Video.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktion: RTL

Infobox

PISA Wëssensmagazin op RTL Telé Lëtzebuerg

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR