RTL, FNR

ERRATUM : En Nylon ass 3-5 mol MÉI stabil wéi en Hoer vun der selwechter Déckt.

Am Video weist de Mr Science, wéi ee moosse kann, wéi stabil en Hoer ass. An engem Testlabo vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) gëtt eng Hoersträn op d'Belaaschtbarkeet getest, ier hien zu Beefort en Tuerm um Rabonzel sengen Hoertrëtz erop klëmmt.

Bei den Eegenschafte vun Hoer ginn et grouss Ënnerscheeder jee no Hoer-tipp a -Faarw. An der Moyenne sinn eis Kapphoer 0,05 mm déck a räisse bei enger Kraaft vun 0,5-1 Newton, dëst entsprécht ongeféier 50-100 Gramm. D'Stabilitéit vum Hoer gëtt och staark vun der Loftfiichtegkeet an der Temperatur beaflosst an d'Hoer verléieren och vill Stabilitéit duerch chemesch Behandlungen, wéi bleechen oder fierwen.

Bei 100'000 Hoer déi e Mënsch um Kapp kann hunn, misst eng ideal Hoertrëtz also schonn e klenge Camion (10 Tonnen) kënne packen.

Ass d'Hoer Zeen am Rabonzel Märche probabel?

Vun der Stabilitéit vun den Hoer - Jo definitiv. Normal Hoer wuessen allerdéngs just eng 10-15 cm pro Joer, an och wann dem Rabonzel seng Hoer séier gewuess sinn, hätt et nawell eng 50-100 Joer misste waarde bis d'Hoer déi néideg 10 Meter erreecht hätten. Dobäi kënnt datt en Hoer no ongeféier 10 Joer ausfält. Hoerlängte vu méi wéi engem Meter sinn also d'Ausnam mee net onméiglech. De Guinness Rekord vun de längsten Hoer hält de Xie Qiuping (China) mat 5,627 Meter.

Fir de Rabonzelmythos méiglech realitéitstrei ze testen huet de Mr Science eng Hoertrëtz aus 2 Meter laange Stécker Konschthoer zesumme getrëtzt. E klengt Stéck vun der Trëtz ass awer eleng duerch richteg Hoer gehale ginn.

Duerch dësen Opbau war et méiglech net nëmmen d'Stabilitéit vum Hoer ze consideréiere mee och d'Eegenschafte wéi Deenbarkeet an d'Haftung vun engem Hoerseel. Well d'Trëtz sech wéi e Lastik gedeent huet tëscht Féiss an Hänn war eng Klammtechnik, wéi se bei Seeler oder Dicher am Zirkus benotzt gëtt, schwéier méiglech. D'Hoer sinn ausserdeem glat a sinn duerch d'Hänn gerëtscht.

Fazit:

Et ass a bleift e Märchen, mee wann d'Hoertrëtz existéiert huet da war de Prënz enorm fit a konnt sech eleng mat den Äerm eropzéien.

Auteur: Joseph Rodesch
Produktioun: RTL, media4all


Merci’en:
Jean- Jacques List - Sites et monuments
Floriencia Balbastro
Michèle Thill
Sylvain Gaillard, LIST
Sébastien Gergen, LIST
Tiffany Riegert, Zaltimbanq Zirkusschoul
Jacqueline Kuijpers
Paul Mainz & Co- Klammschoul
Joanne Kommes

Infobox

Pisa - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu.

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR