Sport bei kalten Temperaturen

shotshop.com

Wat d’Loft méi kal ass, wat se méi dréchen ass – an dat belaascht d’Long.

Dëse Rotschlo solle Leefer virun allem bei déiwen Temperaturen anhalen. Kal Loft ass nämlech net gutt fir d’Long. D’Bronchie ginn doduerch méi enk dat sinn déi reng verästelt Loftweeër bannen am Organ. Dat mécht d’Opnam vum Sauerstoff an d’Blutt méi schwéier – an esou geet d’sportlech Leeschtung och erof. Dobäi kënnt: Wat d’Loft méi kal ass, wat se méi dréchen ass – an och dat belaascht d’Long. Bei Leit mat entspriechende Virzeeche vu Krankheete kann dat souguer een Asthma-Ufall ausléisen. Wann een duerch d’Nues anotemt, ginn dës onangenehm Effekter zréck.

Wéi geet dat?

De Wee, deen d’Loft zréckleet, ass iwwer d’Nues méi laang wéi duerch de Mond. Doduerch huet si méi Zäit, sech ze wiermen. D’Schläimhaut an der Nues befiichten awer och déi ageotemt Loft. Ee weidere Virdeel ass d’Filterwierkung vun der Nues: Vill winzeg kleng Hoer, sougenannte „Flimmerhärecher“, filteren do rengste Partikel wéi Stëbs, Pollen a Bakterien aus der Loft eraus.

A firwat soll een duerch de Mond ausootmen?

Dat soll ee guer net. Ideal wier eng konsequent Ootmung duerch d’Nues. Mee vu dass d’Loft duerch de Mond méi séier erauskomme kann, ergëtt sech dat dacks vum selwen.

Op wat soll ee beim Ootmen nach oppassen?

D’Sauerstoffopnam iwwer d’Long funktionéiert besonnesch gutt, wann een eng Bauchotmung mécht: dat ass en déift an- an ausootmen, bei deem Bauch eraus an era geet. Dat kann ee geziilt übe – mat speziellen Trainingsapparater oder andeems een heiansdo ee Loftballon opbléist.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)
Foto: shotshop.com

Nach e puer aner Froen...

Wéi funktionéiert d'Ootmung?

De Mënsch mécht 10 bis 20 Otemzich pro Minutt. Bei sportlecher Ustrengung kënnen et bis zu 50 Zich sinn. Beim Anootme gëtt Loft an d’Longe gesuckelt, wou se sech an d’Bronchie verdeelt. Do fënnt bei ronn 300 Millioune Longebliesecher, den Alveolen, ee Gasaustausch statt. De Sauerstoff, dee fir Kierperzelle wichteg ass, geet vun der Otemloft an d’Blutt iwwer, iwwerdeem vun do aus Kuelendioxid an d’Loft geet. D’Resultat léisst sech moossen: De Sauerstoff-Taux vun der ageotemter Loft läit bei 21, beim Ausootmen nëmmen nach bei 17 Prozent. Gläichzäiteg geet de Kuelendioxid-Taux vun 0,04 Prozent bei frëscher Loft op 4 Prozent bei verbrauchter Loft erop.

Wat si Säitestéch?

Vill Leefer kennen dat: No enger gewëssener Zäit kritt ee säitlech vum Bauch ee Stach. Wéi et dozou kënnt – doru gëtt nach gefuerscht. Méiglech sinn zwou Ursaachen: Entweder léisst déi méi staark Duerchbluddung déi fir den Effort néideg ass, d’Mëlz uschwëllen, wat zu enger Uspanung am Bauchfell féiert, oder de Wéi kënnt vum Zwergfell: Wann dëse Muskel beim Ootme laang a staark belaascht gëtt, kann et zu Sauerstoffmangel kommen – deen dann a Krämp iwwergeet.  Duerch eng déif Bauchootmung kann een de Risiko vu Säitestéch minimiséieren.

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op ELDORADIO eng Fro.