Geldschein in Waschmachine

scienceRELATIONS

Déi genee Zesummesetzung vu Geldschäinpabeier ass geheim.

Et nennt ee Geldschäiner och Pabeiergeld – mee d’Material vun de Schäiner ënnerscheet sech däitlech vu gewéinlechem Pabeier, wéi et ënner anerem fir Zeitungen oder Buchsäite benotzt gëtt. D‘Matière vu Geldschäiner besteet net aus Holzfaseren, mee aus Kotteng. Et gläicht also éischter der Matière première  vun T-Shirten an Jeansboxen. Eng Wäsch an der Maschinn kann hinnen dowéinst normalerweis net schueden. Nëmme wann d’Wäschtemperatur ze héich ass ginn si an – wéi en sensibelt Kleedungsstéck.

Da komme Geldschäiner aus der Stofffabrick?

Nee. D‘Matière ass zwar déi selwecht, mee d’Kotteng-Fasere fir Geldschäiner ginn op divers a komplizéiert Aart a Weis weiderveraarbecht: zum Beispill gi se beschicht a mat verschiddenen Sécherheetselementer verbonnen fir de Kopéierschutz. Déi genee Zesummesetzung vu Geldschäinpabeier ass geheim. An nëmmen ëm déi 30 Betriber weltwäit stelle Schäiner hier.

Ginn och aner Materialie benotzt?

Net iwwerall op der Welt gesi Geldschäiner esou aus a fillen sech sou u wéi a Lëtzebuerg an am Euroraum. A verschiddene Länner bestinn si deelweis aus Plastik – zum Beispill an Australien, Neuseeland, Kanada a Rumänien. Och a Groussbritannien si säit 2016 nei 5-Pond-Schäiner am Ëmlaf, déi aus engem Polyester-Material bestinn.

Wéi eng Virdeeler hu Schäiner aus Plastik?

Si gëllen als nach méi schwéier ze fälsche wéi Kotteng-Schäiner. Mee: Eng Wäsch halen se net sou gutt aus.

Den Opstig vum Pabeiergeld

Scho fréi hunn d’Mënsche Muschelen, Véi a Goldstécker als Tauschmëttel benotzt, fir domat Wueren ze kafen. Wahrscheinlech tëschent 500 a 700 v. Chr. sinn du gepräägte Mënzen dobäi komm. Déi éischt Geldschäiner aus Pabeier sinn am 11. Joerhonnert n.Chr. a China benotzt gi – am Ufank awer nëmmen als Ersatz fir Mënz, wann een dees ee mol net hat. Um europäesche Kontinent huet d’Zäit vu Pabeiersuen 1483 a Spuenien ugefaangen. Allgemeng Unerkennung als Bezuelungsmëttel niewent de Mënz hunn d’Geldschäiner eréischt no a no am Laf vum 19. Joerhonnert kritt.

Sécherheetscharakteristiken

D’Vertrauen an de Wäert vun de Suen hänkt vum Schutz géint Fälschungen of. Dofir sichen d’Zentralbanken weltwäit dauernd no neie Méiglechkeeten, de Schutz ze verbesseren. Niewent engem besonnesche Material hëllefen och aner Techniken: agepräägt Waasserzeechen, eng opwendeg Drocktechnik, en integréierte Sécherheetsfuedem, komplizéiert an delikat Liniemuster, Hologrammen sou wéi speziell Drockfaarwen, déi fluoreszéieren oder jee no Bléckwénkel a Beliichtung an enger anerer Faarf erschéngen.

Auteur: scienceRELATIONS (Ralf Butscher)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.