Sonnencrème

shotshop.com

Wëssenschaftlech Studie liwwere leider kee Beweis fir eng präventiv Wierkung vu Sonneschutzmëttel géint d'Entwécklung vun Hautkriibs.

Wëssenschaftlech Studie liwwere leider kee Beweis fir eng präventiv Wierkung vu Sonneschutzmëttel géint d'Entwécklung vun Hautkriibs. Ee vun den Haaptproblemer, fir dat eraus ze fannen: Hautkriibs brauch immens laang fir sech z'entwéckelen. Dat mécht et schwiereg, Laangzäitstudie mat ville Participanten duerchzeféieren. Fir de geféierlechsten Hautkriibs, de schwaarze Melanom, klëmmt de Risiko zum Beispill däitlech ab engem Alter vu 50 Joer. Deen Ament huet ee scho vill Zäit an der Sonn hannert sech. Fir Hautkriibs ass déi fir eis onsiichtbar UV-Stralung vum Sonneliicht verantwortlech. Si dréngt duerch d'Haut an a kann do d'Ierfsubstanz an eisen Hautzelle futti maachen. Déi kënnen dann onkontrolléiert zu engem Tumor eruwuessen. Sonnecrème hält en Deel vun der UV-Stralung dovun of, an d'Haut anzedréngen. Dat ass och wëssenschaftlech bewisen. Dofir hëlt een trotz der onklorer Studielag a punkto Hautkriibs un, datt Sonnecrème eis Haut deelweis schütze kann.

Wéi filtert Sonnecrème déi schiedlech UV-Stralung aus dem Sonneliicht?

Si ass eng Zort fir eis onsiichtbar Faarf. Wann d'mënschlecht An kéint UV-Liicht gesinn, wéi z.B. Beien an aner Insekten dat kënnen, da géife mir Sonnecrème op der Haut als däischter Faarf gesinn, well si en Deel vun der schiedlecher UV-Stralung aus dem Sonneliicht erausfiltert. Wéi eng Zort Sonnebrëll fir d'Haut. Deen Effet ass an dësem Video oder am Bild hei ënnendrënner gutt ze gesinn.

Dëse Mann huet fir den Cheltenham Science Festival Sonnecrème mam Liichtschutzfacteur 30 op säi Réck opgedroen an en eemol mat normaler (lénks) an eemol mat UV-Fotografie (riets) geknipst. Kamera: verwandelt Nikon D40 mat 50 mm Vergréisserungslëns. Beliichtung: 1/500s fir normal Liicht an 1/5s fir UV-Liicht. Quell: Andrew Steele & HyangWong via Wikimedia Commons

A wat d'Sonnecrème d'UV-Liicht méi staark filtert, ëmsou méi héich ass de Liichtschutzfacteur?

Dovunner sollt een ausgoe, jo. Awer de Liichtschutzfacteur gëtt net mat physikaleschen Apparater gemooss, mee u Versuchspersounen. Bei hinne ginn Deeler vun der Haut mat an ouni Sonnecrème mat enger UV-Luucht bestraalt a ronn een Dag méi spéit gëtt gemooss, ab wéi enger Liichtintensitéit d'Haut rout ginn ass. Sou gëtt festgestallt, wéi gutt Sonnecrème géint Sonnebrand schützt. Dobäi hëlt een un: Wat se dee besser verhënnert, ëmsou besser filtert si d'UV-Stralung aus dem Sonneliicht. Vill Hiersteller probéieren awer, bei dësem Test besonnesch gutt ofzeschneiden, andeems se entzündungshemmend Substanzen an hir Sonnecrème mëschen. Déi hëllefe géint Sonnebrand, halen awer keng UV-Stralen of. Den anere Problem mat dem Liichtschutzfacteur ass, datt d'Leit op der Plage oder an der Schwemm d'Sonnecrème an der Reegel vill méi dënn applizéiere wéi ënner Labosbedingungen. Als Fauschtreegel kann een also dovun ausgoen, datt de Liichtschutzfacteur an der Praxis méi niddreg ass, wéi deen deen um Tüb drop steet. Sonnecrème ass och dofir nëmmen op drëtter Plaz bei dem Schutz géint d’Sonn: et sollt ee sech virun allem méiglechst wéineg an der praller Sonn ophalen, sech duerch passend Kleeder, Sonnenhutt a Sonnebrëll schützen, an zousätzlech onbedeckten Haut déck mat Sonnecrème areiwen.

Et héiert een ëmmer erëm, datt bestëmmten Ingrediente vu Sonnecrème solle gesondheetsschiedlech sinn?

Verschiddener dréngen tatsächlech duerch d'Haut an de Kierper an a kënnen am Blutt nogewise ginn. An e puer vun dëse Substanze stinn ënner Verdacht, eisen Hormonhaushalt duerchernee bréngen ze kënnen. Ween dat fäert, kann op Sonnecrème mat mineraleschen UV-Filter zréckgräifen, an deenen Titanoxid oder Zénkoxid dran ass. Souguer wann des als ganz fein Partikel dra sinn, also als Nanopartikel, dréngen se dem aktuelle Wëssensstand no net duerch d'Haut an a sinn a Sonnecrèmen dofir net geféierlech.

Wat seet de Liichtschutzfacteur aus?

De Liichtschutzfacteur gëtt och LSF (oder SPF op englesch) ofgekierzt a gëtt un, wéi vill méi laang ee sech mat richteg applizéierter Sonnecrème an der Sonn ophale kann, ouni e Sonnebrand ze kréien. Et ass awer keng direkt Indikatioun fir d'Schutzwierkung vun der Sonnecrème géint Hautkriibs. Sonnecrème kann z.B. Substanzen enthalen, déi e Sonnebrand duerch Entzündungshemmer verzögeren. En anere Problem ass datt an der Praxis d'Sonnecrème meeschtens vill méi dënn opgedroe gëtt wéi bei den Tester am Labo.

Eng Sonnecrème mat Liichtschutzfacteur 15 huet eng Schutzwierkung vun 93 Prozent. Bei LSF 30 erreecht ee 97% a bei LSF 50 98 Prozent Schutzwierkung géint Sonnebrand. Dat Beispill weist, datt den Ënnerscheed tëscht LSF 30 an LSF 50 kleng ass. Well de Liichtschutzfacteur awer nëmmen eng Prezisioun ubidd, déi an der Praxis net garantéiert ass, recommandéiert d'EU am beschte just déi verschidde Schutzklassen unzeginn: "niddreg" (LSF 6 an 10), "mëttel" (LSF 15, 20, 25), "héich" (LSF 30 a 50) a "ganz héich" (LSF 50+).

Sonnecrème fréier...

Fréier hunn d'Leit Planzenueleger benotzt, fir sech virun der Sonn ze schützen. Oder si hu sech mat enger décker Past aus Buedem, Mineralien an zermuelene Planzereschter ageschmiert. Virum 2. Weltkrich goufen déi éischt modern Sonnecrèmen entwéckelt, well deemools d'Aktivitéiten a fräier Natur ëmmer méi beléift goufen. No den haitege Standarden hu si awer net gutt geschützt. Am 2. Weltkrich hunn d'Zaldoten eng roudelzeg Vaselin benotzt, mat där se sech als Schutz virun der Sonn ageschmiert hunn. Dëse "Sonneschutz" huet net immens schéin ausgesinn, mee war awer zimmlech effikass, well e gouf meeschtens nach duerch Stëbs an Dreck verstäerkt, deen sech am Feld mat der Schmierschicht vermëscht huet. Réischt vun de 1960er Joren un konnt een d'Schutzwierkung vu kommerzielle Sonnecrèmë mat der Aféierung vum standardiséierte "Liichtschutzfacteur" ënnerenee vergläichen. 

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Quellen

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR